Den 9. Juli 2018 woren 12 Secouristen aus dem EHTK ënner Begleedung vum Myriam Gessner dem Här Gindt op den Ausfluch um Enn vum Joer op Heidelberg. Dësen Ausfluch ass zum Deel eng Belounung fir d’ Secouriste fir den exzellenten Asaz am Laf vum Schouljoer 2017/18, mä sollt hinnen och Geleenheet ginn, Neies z’entdecken a gläichzäiteg den Teamgeescht fërderen.
No enger 3-stënneger Busfaart, déi fir eis Secouristen och eng Attraktioun wor, koume mir dann och an dr Universitéitsstad Heidelberg un. Als éischt hunn mir déi permanent Ausstellung “Körperwelten : Anatomie des Glücks” besicht. Hei konnten mir e gudden Abléck an den mënschleche Kierper kréien. Mir konnten eist e gudd a preziist Bild iwwer déi verschidde Virgäng an eisem Kierper maachen an och gesinn wéi sech divers Krankheeten, wéi z.B. den akuten Myokardinfarkt (Häerzinfarkt) sech op d’Organer auswierken.
No dëser léierräicher Visite haten mer 3 Stonne fir eis an der Stad ëmzekucken a konnten och eppes guddes iessen. Mir hunn eis duerno bei der Heidelberger Bergbahn getraff, wou mir mat dëser erop op d’Schlass gefuer sinn. OAm Schlass hu mir den Apothekenmuseum besicht. Mir haten hei eng Visite guidée vu 45 Minutten. Esou krute mir gewisen an erklärt, wéi fréier d’Medikamenter hirgestallt goufen. Zum Schluß vun dëser Visite hu mir nach, ënnert der Leedung vun eisem Guide, am Workshop “Salbenherstellung” selwer eng Handcrème hirgestallt. Jidderee konnt duerno e klengen Tube selwer gemaachten Hndcrème mat heem huelen.
Duerno hate mir nach 1 Stonn Fräizäit fir nach vum Recht vun dësem sonnegen an flotten Dag ze profitéieren. Géint 19:30 hu mir dunn awer d’Réckrees vun dësem flotten an amüsanten Dag untrieden.
Rischard Max