Chreschtmaart_20171211_4Den EHTK war dëst Joer um Chrëschtmaart am Athénée engagéiert. An engem Quiz an an engem Reanimatiounsconcours konnt all Visiteur beweisen, wat hien weess a kann.

Am Reanimatiounsconcours mat der Brayden-Reanimatiounspopp goung et drëm während 3 Minutten Thoraxkompressionen (Häerzmassage) ze maachen mat enger Déift vu 5-6 cm am Rhythmus vun 100-120 mol an der Minutt. D’Gewënner vum Concours sinn:

1. Juan Tarazona – 98%
2. Timothée Scart – 98%
3. Jonathan Hadji-Minaglou – 98%
4. Morgane Marx – 97%
5. Serge Bausch – 95%

Top 13: Juan Tarazona (98%), Timothée Scart (98%), Jonathan Hadji-Minaglou (98%), Morgane Marx (97%), Serge Bausch (95%), Lena Heiderscheid (95%), Yulang Lepcha (95%), Baekelmans Sophie (92%), Nathan Gianchandani (91%), Feltes Loïc (88%), Alexandra Somesan (87%), Bausch Anne (86%), Laura 3C1 (85%)

Chreschtmaart_20171211_2 Chreschtmaart_20171211_3D’Gewënner vum Quiz, an deem d’Wëssen iwwer Éischt Hëllef an iwwer den EHTK gepréift gouf, sinn:

1. Serge Bausch – 11/15
2. Julie Baeckelmans 5CL1 – 11/15
3. Jos Salentiny – 10/15

Bravo! Mellt Iech an der Infirmerie vum 05/01/2018 fir de Präis ze kréien!

D’Matmaache beim Quiz huet 1 € kascht an de Reanimatiounsconcours 2,5 €. Fir 2 € konnt ee beim Quiz a bei der Reanimatioun matmaachen. Den ETHK konnt esou um enn vum Dag 77 € fir eis ONG spenden.

Chreschtmaart_20171211_1