Formatioun mam Dokter Weber

21. Januar 2015

Foto 21-01-2015 13 21 00De 21. Januar hunn d’Secouristen aus dem EHTK un enger ganz besonnescher Formatioun deelgeholl. Den Dokter Jean-Marc Weber, Generalist a Sportsmedeziner aus der Stad an eemolege Schüler aus dem Stater Kolléisch, huet dem Éischt-Hëllef-Team an der Mëttegstonn eng Formatioun iwwer Medikamenter a Sportsverletzunge gehalen.

Am éischten Deel vum Cours huet den Dr Weber de Secouristen ausféierlech a verständlech alles erkläert, wat een iwwer déi Medikamenter, déi d’Éischt-Hëllef-Team am Gebrauch huet, wësse muss. Tatsächlech huet den EHTK jo eng ganz Partie fräi verkeeflech Medikamenter (Nurofen, Strepsils a Buscopan, fir der nëmme e puer ze nennen) an der Infirmerie zur Dispositioun, fir eise Patienten méiglech schnell an adequat hëllefen ze kënnen. Och wann d’Secouriste d’Medikamenter nëmme mat der Erlaabnis vun den Elteren erausginn, ginn et trotzdem vill Saachen, ob déi se dobäi mussen oppassen. Den Dr Weber ass ausféierlech op d’Inhaltsstoffer vun de Medikamenter an op hier Wierkungsweis agaangen. Dobäi huet hien och déi méiglech Niewen- oder Wiesselwierkungen, esou wéi och déi recommandéiert Dosissen vun den eenzelnen Medikamenter ugeschwat.

Duerno huet de Sportsmedeziner dem Éischt-Hëllef-Team e puer konkret Rotschléi zu sengem Fachgebitt, de Sportsverletzunge, ginn. Dobäi ass hie besonnesch op déi Szenarien agaangen, déi mir am EHTK ëmmer erëm begéinen: Zerrungen, Verstauchungen, awer och Verenkungen oder Schanke-Bréch.

Foto 21-01-2015 13 21 55

De Dokter huet de Secouriste e Grondkonzept vermëttelt, ewéi een mat esou Blessure muss ëmgoen, huet déi heefegst Feeler genannt a gewisen, ewéi een se vermeide kann.

Am Sënn vun enger méi interaktiver Formatioun konnten d’Secouristen zu all Moment Froe stelle, deenen den Dr Weber Ried an Äntwert stoung. Et ass vill iwwer relativ heefeg Situatiounen geschwat ginn, an d’Secouriste hu vill Neies bäigeléiert, dat se an hirem Alldag am EHTK applizéiere kënnen.

Un dëser Plaz notze mir d’Geleeënheet, fir dem Dokter Weber nach eng Kéier villmools Merci fir de wonnerbare Cours ze soen. Mir géifen eis natierlech iwwer eng eventuell weider Zesummenaarbecht freeën.