Wéi all Joer, huet den EHTK eng Assemblée Generale organiséiert, fir folgend Punkten ze beschwätzen:
- Wale vum neie Comité
- Réckbléck op d ‘Schouljoer
- Statistiken
- Rapport vun der Keess
- Décharge vum Comité
Et huet ugefaangen mat enger Wëllkommensried an mat der Dagesuerdnung vum Herr Gindt. Dunn ass et weider gaangen mat den Walen vun folgenden Komiteesposten:
- Trésorier – Jonathan Hadji-Minaglou
- Secrétaire – Artur Kohlrausch
- Materialwart – Laurent Schengen
- Berichte Kontrolleur – Jorden Kent
No de Walen goufen dann d ‘Aktivitéiten vum ganzen Joer vum Pierre Kreins virgestallt. Enner anerem huet den EHTK un folgenden Aktivitéiten deelgeholl:
- Securidays Beetebuerg
- 10e Reanimatie-estafette
- Sécherheetsdag Ettelbréck
- Porte Ouverte Hoffmann’s (2x)
- Formatioun Réagis (Nei Guidelines)
- 4e Schouljoer Houwald
- Projet 1. Hëllef LT Lalleng
- Journée prévention Sportslycée
- ING Night Marathon
- …
Een kompletten Iwwerbléck iwwert d ‘Aktivitéiten fannt dir hei:
ehtk.lu/aktiviteiten-iwwerbléck
No den Aktivitéiten, goufen d ‘Statistiken vum Joer fir gedroen an mat aneren Joeren verglach.
Hei fannt dir en Auszuch aus den Statistiken vum EHTK:
2370 Déngschtstonne goufe geleescht (Stand : 30. Juni 2016)
Am Duerchschnëtt 2,1 Secouriste pro Stonn (1,8 am Schouljoer 2014/15)
Zum Schluss gouf nach den aktuellen Stand vun dem EHTK senger Kees gemeet an een Glas zesummen gedronk.
Mir bedanken eis fir dat gutt Zesummeschaffen an eisem dynameschen Team a soen iech all en décke Merci fir ären Asaz !