De Prënz Guillaume op Visite am Kolléisch

Beim Prix du Mérite Jeunesse, Editioun 2014 huet sech d’Éischt Hëllef Team Kolléisch ënner déi dräi Finaliste klasséiert. De Prënz Guillaume vu Lëtzebuerg huet als President vum Mérite Jeunesse Lëtzebuerg drop gehalen, de Mëttwoch, 17. Juni 2015, op Visite bei den EHTK ze kommen an dem Team den entspriechende Certificat fir de Projet “Éischt Hëllef léiere mam Éischt Hëllef Team Kolléisch” z’iwwerreechen.

Direkt no der Arrivée vum Prënz gouf eng Foto mat de Secouriste vum EHTK gemaach. Bei dëser Geleeënheet gouf och nach eng Foto vun alle Lauréate vum Mérite Jeunesse 2014 aus dem Kolléisch gemaach. Duerno huet de Frank Jagusch, Responsable fir eis Participatioun beim Prix du Mérite, dem Prënz Guillaume d’Éischt Hëllef Team a säi benevolen Asaz am Alldag an de besonnesche Projet vun 2014 kuerz virgestallt.

De Prënz huet d’Geleeënheet ergraff, fir all d’Secouristen fir hier Aarbecht ze luewen. All eenzelne Member vum EHTK krut dowéinst och de Certificat perséinlech vum Prënz iwwerreecht.

Direkt duerno krut de Prënz Guillaume d’Infirmerie vum Gruppechef Jean-Louis Gindt, an dem Secourist a Comitésmember Max Kayser gewisen. Dobäi krut hien esouwuel eist Material ewéi och d’Aart a Weis, wéi mir schaffen, erkläert.

De Max Delvaux, Gruppechef adjoint vum EHTK bis Ufank 2015, huet dem Prënz Guillaume eng kuer MiniAnne-Formatioun gehalen. Dobäi huet hien net nëmmen déi wichtegst Gester vun der kardio-pulmonaler Reanimatioun erkläert, mä och dee richtegen Ëmgang mat engem Defibrillator gewisen. De Prënz huet net nëmmen nogelauschtert, hien huet sech och selwer op d’Knéie gesat fir des liewenswichteg Gester zesumme mat enger Delegatioun ze trainéieren.

D’Visite vum Prënz gouf mat engem gemeinschaftlechen Iessen am Forum Geesseknäppchen ofgeschloss. De Prënz gouf begleet vun den Dammen Adeline Krausch a Renée Fernandes an den Häre Marc Crochet a Maurits Van Rijckevorsel.

Dat ganzt Team seet dem Prënz e grousse Merci, datt hien sech dräi Stonnen Zäit geholl huet, fir mat groussem Interessi d’Aarbecht vum Éischt Hëllef Team méi genee kennen ze léieren an esou dem Team seng grouss Unerkennung ze weisen.

Liest och d’Artikelen op al.lu mywort.lu an am LW, 21. 7. 2015, S. M12/38

Merite_EHTK_PrinceG_2015_01