Den 3. Juli 2015 huet d’Éischt Hëllef Team wéi all Joer een Ausfluch an d’Phantasialand ënnerholl.
Um 6:00 moies war den Bus do. No 3 Stonnen Fahrt si mer dunn ukomm. Am Ufank vum Dag hat d’Phantasialand dem Team eng kléng Presentatioun vum Sécherheetsdéngscht virgefouert an erkläert wéi d’Sécherheet an esou engem grousse Park garantéiert gëtt. Den Rescht vum Dag goufen all d’Attraktionen ausprobéiert, ob se wierklech alle Sécherheetsvirschrëften entspriechen a selbstverständlech och d’Iesse an allen Hisiichten getest.
Um 18 Auer ass et dunn zeréck op Lëtzebuerg gaangen.
Mir bedanken eis häerzlechst beim Phantasialand fir d’Visite guidée vum Sécherheetsdéngscht.