Zënter 1998…
Den 11.11.2013 war et op den Dag genau, dass d’ Éischt Hëllef Team Kolléisch säi 15jähregt Bestoe konnt feieren. Et war en 11.11.1998, wou den Här Henri Mousel, Member vum Service Technique aus dem Kolléisch an Ambulancier bei der Protex, op Ufro vum Directeur-adjoint Paul Schiltz en “Schulsanitätsteam” offiziell an d’ Liewe geruff huet. Déi éischt Membere ware séier fonnt, an d’ Team, wat de Numm EHTK (Éischt Hëllef Team Kolléisch) krut, huet sech opgebaut. E Projet deen am Ufank fir 1 Joer geplangt war, hat méi Succès wéi erwaart. Sou ass et haut eng Selbstverständlechkeet, dass et am Stater Kolléisch en Éischt-Hëllef Team gëtt, dëst elo säit iwwer 15 Joer!
Méi Infoen iwwert d’Geschicht fannt dir hei!
15 Joer – E Grond fir ze feieren!
Esou e Gebuertsdag gëtt vun de Membere vum Team och grouss gefeiert. E flotte Programm ass sech fir den Anniversaire ausgeduecht ginn. Sou sinn nieft enger 2. Oplag vum “Éischt Hëllef Dag” och de Präventiounsprojet “Kuck net einfach no – Hëllef och DU mat” geplangt.
Am Kader vum 15. Anniversaire an dësem spezielle Projet ass de Numm vun “Éischt Hëllef Team Kolléisch – Schüler hëllefe Schüler” op “Éischt Hëllef Team Kolléisch – Hëllef och DU mat” ëmgeännert ginn.
E klengen Abléck an de Programm vun de Festivitéiten:
- 1. Februar: Projet MiniAnne™ an der City Concorde
- 24. Abrëll: 2. Éischt Hëllef Dag am Kolléisch
- 31. Mee: ING Marathon an der Staat
- Mëtt Juli: Conveniat vun alle Memberen déi den EHTK bis elo hat
- dat ganzt Joer iwwer: Projet “Hëllef och DU mat! – Kuck net einfach no”
- Engagement beim “Prix du Mérite”