EHTK goes ING Marathon 2014
Den 31. Mee war den ING Night Marathon eng 9. Kéier an der Staat Lëtzebuerg. Mat dobäi war och den EHTK erëm. Nom Erfolleg vum leschte Joer war d’Éischt Hëllef Team souwuel mat engem Stand um Glacis, wéi och an der LuxExpo op der Arrivée a mat enger Laafequipe bedeelegt.
Schnell war ee sech am Joer 2014 eeneg, dass enger 2. Editioun vun “EHTK goes ING Marathon” näischt giff am Wee stoen, war et dach bei der 1. Kéier schonns e klengen Erfolleg. Ma et sollt net bei enger einfacher Widderhuelung vum Joer 2013 bleiwen – Ännerunge goufen am Kader vum 15. Anniversaire vum EHTK eng Rei gemaach,
Ugefaange mam Stand, deen dëst Joer dann wéi schonns gesot um Glacis stoung, eng Nummer méi grouss wei dat lescht Joer. Op 2 Etagen gouf vun eisem Partner SoundSelection e Stand vun 10×10 Meter opgeriicht.
Den Zentralen Deel war natierlech de Comptoir, souwéi d’ Gegrilltes, d’ Gaufren an nei dëst Joer och Uebstspiess mat Schokla, natierlech selwer gemaach.
Ma och u Sëtzplazen gouf dëst Joer geduecht. Virum eigentleche Stand goufen eng Rei Bänke mat Dëscher opgestallt.
Ganz speziell dëst Joer war dann d’Participatioun vum 112, deen an engem Zelt hannert eisem Stand de Projet “Phone CPR” getest huet, vir eng Studie kënnen ze maachen. Dëse Projet gouf eng 1. Kéier um “Éischt Hëllef Dag 2014” am Kolléisch lancéiert.
Während ënnen vir de grousse Public war, konnte sech d’Sekuristen op der 1. Etage ausrouen, an de Leefer nokucken.
Mat hirem flotte Stand hu si fir eng besonnesch Atmosphär um Glacis gesuergt, dëst net nëmmen duerch d’Musik an d’Beliichtung, och einfach duerch hier Motivatioun an den Engagement. D’Wieder huet bei dësem ING Marathon och gutt matgespillt, wat natierlech och zum Succès vum Stand bäigedroen huet. Nach während dem Owend waren éischt Iesswueren ausverkaf, e Beweis vir den Erfolleg vum Stand um Glacis.
Als klenge Supplément hunn si en inoffizielle Poste de Secours opgemaach, fir am Noutfall kennen Éischt Hëllef ze leeschten. En Defi an e Noutfallrucksack hunn net dierfe feelen.
E groussen Erfolleg, enger 3. Editioun vun “EHTK goes ING Marathon” dierft also näischt am Wee stoen 🙂
TeamRun – d’EHTK leeft mat
Well et beim ING Marathon awer em d’ Lafe geet, ass och dëst Joer erëm eng Equipe matgelaaf.
4 Sekuristen hunn um sougenannten “TeamRun”, also de Staffellaf, deelgeholl. Iwwert déi voll Distanz hu si gutt matgehalen, a kennen um Enn stolz op hier Leeschtung sinn.
Den éischten Deel huet de Max Kayser gutt ugefangen an war och schnell um Wiesselpunkt, wou de Frédéric Schwarz scho gewaart huet. Mat enger Zäit vun 4min50 de Kilometer war hien och eise schnellste Leefer, a gouf virun allem wéi e laanscht de Stand um Glacis gelaf ass kräfteg ugefeiert.
Nom nächste Wiessel war et um Sunny Kimari, ee vun eise ganz neie Sekuristen. Net ze iwwersinn war hien, well en hat sech puer Loftbäll matgeholl. De leschten Deel, iwwert de Kierchbierg rop an d’LuxExpo ass dunn vum Frank Jagusch gelaf ginn.
An och d’Resultat ka sech weise loossen:
Vun iwwer 768 Teamer huet d’ Éischt Hëllef Team déi ganz gutt 206. Platz beluecht.
Mat enger Zäit vun 3:57:19 sinn si an enger excellenter Zäit gelaf, an hu sou munch Erwaardungen iwwertraff.
Och vun eiser Säit eis Felicitatiounen un di 4 Sekuriste vir hiren Asaz!
LuxExpo – d’EHTK hëlleft mat
A souguer op der Arrivée hu 15 Sekuriste vum EHTK eng Hand mat ugepak. No hirem groussen Effort goufen d’Leefer ënnert anerem vun de Sekuriste vum EHTK an Empfang geholl.
Nieft engem gudde Gedrénks, goufen all d’Leefer och ugefeiert an ënnerstëtzt vir déi leschte Meter.
Phone CPR – Den 112 ass och dobäi:
Ganz besonnesch war de Projet “Phone CPR” vum 112 op dem Stand vum Éischt Hëllef Team. Net wësse wat maachen bei engem Häerzinfarkt an awer am Fall sinn, dass een deen eenzegen ass deen Hëllefe kann? Dat soll an Zukunft eriwwer sinn, wann d’Operateure vum 112 de Leit iwwer Telefon d’Uweisunge vir déi liewensrettend Gester kenne ginn. Méi Infoen zu dësem Projet, deen iwwregens och schonns um Éischt Hëllef Dag getest gouf, fannt dir geschwënn.
Fotosgalerie: Montage vum Stand
Fotosgalerie: EHTK goes ING Marathon 2014