Generalversammlung an Bilan!
E Freideg Nomëtteg, den 4. Juli, huet den EHTK an hirem Bilan op dat vergaangent Schouljoer zeréckgekuckt, an gläichzäiteg mat der Generalversammlung d’Règlement d’Ordre Intérieur an de neie Comitée gestëmmt.
Generalversammlung
Ugefange mat enger Ried vum Här Mousel, Chef de Groupe, deen an enger éischter Linn all de Sekuriste vir hir Arbescht am Team Merci gesot huet. Ma schnell huet d’Ried eng aner Richtung ageschloen, well et war och dem “Dick” seng läscht offiziell Ried als Chef de Groupe, deen dat kommend Joer vum Här Gindt an der Madame Gessner wäert ofgeléist ginn.
Dofir huet hien op déi 15 Joer zeréckgekuckt an och gläichzäiteg e bëssen an d’Zukunft vir dem Team alles guddes ze wënschen an der Hoffnung dass säin Projet nach laang wäert bestoe bleiwen.
Nom uschléissenden Appel Nominal duerch den Sekretär koum de Rapport de Caisse vun der Caissière Julie Lemmer. D’Zuele vum ganze Joer goufe virgestallt, an et koum een zum Entschloss dass den EHTK mat engem Plus vun iwwer 3000€ d’Joer konnt ofschléissen.
D’Réviseur de Caisse, vertrueden duerch de Professer Daniel Neyen hunn dem Julie d’Zuelen bestätegt a goufe par Accumulatioun vun der Generalversammlung ugeholl.
Bilan – Réckbléck vun den Aktivitéiten
Dono koum de Réckbléck vum Schouljoer 2013/14 vum Chef de Groupe Adjoint – Max Delvaux.
Ugefange mat dem Bilan vun den Asätz an Dingschtstonnen
Am ganze goufen am Schouljoer 2013/14 eng 2036 Dingschstonnen vun 32 verschiddene Sekuristen garantéiert. Dobäi sief ze soen, dass pro Schoulstonn bis zu 3 Sekuriste gläichzäiteg den Déngscht vir hier Matschüler garantéiere kennen.
E Bléck op d’Asätz geworf, sou ass dëst Joer leider erëm en éischter traurege Rekord opgestallt ginn. Vir 954 Interventioune goufen d’Sekuristen alarméiert. Och wann déi dominant Fäll nach ëmmer Kappwéi oder Bauchwéi waren, sou ass d’Zuel vun den Urgencen an virun allem de méi kritesche Fäll dëst Joer an d’Luucht gaangen.
Eng 30 mol gouf eng Ambulanz geruff, sief et wéinst Sportsverletzungen oder Ohnmacht, 3 mol gouf och de SAMU zesumme mat enger Ambulanz alarméiert, wéint enger epileptescher Krise mat AVC, Häerzproblemer oder awer Bewosstlosegkeet. Zuelen déi d’Wichtegkeet vun engem Éischt Hëllef Team an enger Schoul nach ëmmer ënnersträiche, well d’Zäit bis zum Antreffe vun de Rettungsdéngschter esou mat enger adequater Hëllef kann iwwerbréckt ginn.
Eng weider Zort vun Asätz sinn déi sougenannten AG’en (Alerte Générale), wou et dëst Joer 4 “AG Feier” gouf, wat sech 4 mol als Feelalarm erausgestallt huet, sou dass d’Schoul ni évaquéiert gouf.
Uschléissend ass de Max Delvaux dann op déi eenzel Manifestatiounen agaangen, wéi beispillsweis den Kolléisch in Concert, den Éischt Hëllef Dag oder nach den ING Marathon, an huet kuerz dës Permanencen oder Evenementer presentéiert, vir och op den Erfolleg anzegoen.
Ugefangen hat d’Joer mat “MiniAnne @ SecuriDays“, wou d’Éischt Hëllef Team op de SecuriDays vum Asazzenter Beetebuerg de Projet MiniAnne de Leit presentéiert huet, an dës konnte wichteg Gester vun der Reanimatioun vum EHTK zesumme mat de Membere vun der Protection Civile léieren.
Als nächst war dunn am Februar de Projet “EHTK goes City Concorde“. Och dës Kéier huet sech alles ëm de Projet MiniAnne gedréint. Während engem ganzen Dag hu sech sëllechen Intresséierter et net huele gelooss ze léieren wéi een am Noutfall handele muss.
Den 23. Abrëll war dunn déi grouss Gebuertsdagsfeier vir 15 Joer EHTK. Ugefange mam Éischt Hëllef Dag, an uschléissend d’Séance Académique, fir dann den 31. Mee mam ING Marathon den Anniversaire ofzeschléissen.
Instruktioun an ROI
Dono war et dunn um “Instrukter” vum EHTK, dem Frédéric Schwarz. Hien huet kuerz de Formatiounsprogramm vun 2013/2014 presentéiert. Ugefange mat der neier Formatioun vir déi zukünfteg Membere vum EHTK: all Mëttwochs hunn si sech während enger Stonn gesinn, vir mat Hëllef vum neie “Précis” d’Handgrëffer vun der Éischter Hëllef opzefrëschen, an awer och den Ëmgang mam Material aus der Infirmerie ze léieren (Stifneck, Schaufeltrage, etc.). Dës Formatioun huet opgehale mat engem Test, schrëftlech; praktesch an mëndlech, deen och all Sekuriste gepackt haten.
Dënschdes dann stung ëmmer di regulär Formatioun um Programm, wou all Sekuriste vum EHTK konnten deelhuelen, oft gehale vum Dick Mousel oder vum Frédéric Schwarz.
Zwou Extern Formatioune stoungen dann och um Programm: Reaniméieren an Holland, an eng Visite vum Asazzenter Ettelbréck souwéi eng Formatioun mam Feierläscher zu Feelen an der Pompjeesschoul
Den Frank Jagusch, Member vum Comitée, huet dono dat neit Internt Règlement alle Sekuriste presentéiert. Dëst enthält all wichteg Reegelen vir d’Verhale vun de Sekuristen, dem Comitée, souwéi den Opbau vun der Formatioun. D’Sekuristen hunn dëse “ROI” (Règlement d’ordre intérieur) dann och alleguerten ugeholl, sou dass et säit dem 4. Juli 2014 dann a Kraaft ass. Dir kënnt Iech et och op onser Internetsäit eroflueden.
Wahle vum Comitée
Vir déi regulär Generalversammlung ofzeschléisse stoungen dunn d’Wahle vum neie Comitée um Programm. Nei ass, dass de Comitée am Joer 2014/2015 vergréissert gëtt, dëst well den Henri Mousel an d’Pensioun wäert goen, an den EHTK vun 2 Leit aus dem Kolléisch wäert iwwerholl ginn, dem Jean-Louis Gindt an dem Myriam Gessner.
Ze wiele waren vir an de neie Comitée e Caissier, e Sekretär an 2 Memberen. D’Julie Lemmer (Caissier), d’Claire Iannizzi (Member) an de Frédéric Schwarz (Sekretär) hu keng nei Kandidatur gestallt.
No de Wahle stoung fest, dass de Comitée folgendermoosse wäert ausgesinn:
- Chef de Groupe: Jean-Louis Gindt
- Chef de Groupe Adjoint: Myriam Gessner, Max Delvaux
- Mannschaftsvertrieder: Max Kayser
- Sekretär: Serena Boukelmoun
- Caissier: Sunny Kimari
- Member: Frank Jagusch, Noah Wolf, Mireille Willkomm
Divers
D’Versammlung gouf dunn ofgeschloss mat engem Bilan vum Projet “Phone CPR”, wou den EHTK dem 112 gehollef huet bei dëser Studie Leit ze mobiliséieren. D’Sandra Poos an de Christopher Schuh hunn kuerz d’Zuele presentéiert, déi ganz erfreelech ausgefall sinn. Méi Infoen doriwwer fannt dir geschwënn op eiser Säit.
Den Directeur adjoint vum Kolléisch huet de Sekuristen dono an der Ofschlossried e grousse Merci vir hier Arbescht gesot, an virun allem och dem Dick en décke Merci ausgedréckt vir seng Jorelaang Arbescht a Motivatioun am EHTK. Fir d’Versammlung dann ofzerënne gouf et nach e Patt offréiert vun der Schoul.