Éischt Hëllef Cours – Diplomiwwereechung 2014
De 27. Januar 2014 hu 57 Schülerinnen a Schüler aus dem Kolléisch a 6 Erwuessener hiren Éischt Hëllef Diplom offiziell vum Här Marc Crochet, Directeur général adjoint vun der Croix-Rouge, iwwerreecht kritt. Dës Diplomiwwereechung war a Präsenz vum Direkter vum Kolléisch Jos Salentiny, dem Directeur adjoint Claude Heiser, der Dr Martine Mergen, Presidentin vun den „Anciens de l’Athénée“, dem Här Laurent Schaltz vun de Beruffspompjeeën, dem Sécherheetsdelegéierte Jean-Louis Gindt an dem Chef vum Éischt Hëllef Team Kolléisch Henri Mousel.
An 3 Coursen, dovun zwee op Lëtzebuergesch an een op Englesch, hunn déi 63 nei Éischthëllefer déi verschidden Aspekter vun der Éischter Hëllef geléiert. An dat op 7 Samschdeg Muerenter während jee 4 Stonnen! Dës Course goufe gehale vun den Instruktere Jerry Ast, Pascale Hoffmann a Marc Portzen. Hinnen e spezielle Merci!
All Schüler aus dem Kolléisch, vu Septième bis Première, deen en Éischt Hëllef Diplom huet, däerf am Éischt Hëllef Team Kolléisch (EHTK) matschaffen. Bei dëser Diplomiwwerreechung sinn och 12 nei Sekuristen am Éischt Hëllef Team opgeholl ginn, deen elo 41 aktiv Memberen zielt. Hinnen all e grousse Bravo!