Praktescht Schaffen un engem Häerz
Am Kader vun der Weiderbildung beschäftege sech d’Sekuristen am Mount Dezember, Januar a Februar mam Thema Häerz, Kreeslaf, an Häerzerkrankungen.
Dofir stoung e Freideg 20. Dezember eng bëssi méi speziell Formatioun um Programm. Fir dass et méi einfach ass sech déi ganz Theorie kenne virzestellen, kruten d’Sekuristen d’Méiglechkeet an hirer Chrëschtvakanz e Schwengshäerz mol méi genau ënnert d’Lupp ze huelen.
Geleet vum Biosproff aus de Kolléisch, dem Här Mozek, zesumme mam zukünftegen Instrukter, dem Här Wooning, kruten d’Sekuristen déi eenzel Bestanddeeler vum Häerz erkläert a konnten se “Hautno” erliewen. Jiddereen hat d’Méiglechkeet d’Schwengshäerz Schrëtt fir Schrëtt ze ënnersichen.
Un Hand vun dëser Formatioun ass de Sekuristen den Opbau an de Fonctionnement vum Häerz méi am Detail erkläert ginn. Fir d’Membere vum EHTK war et en interessante Kur, deen et erméiglecht huet, dat soss emmer theoretescht mol a Realitéit ze gesinn, a selwer kennen ze analyséieren.
Weider Formatiounen
Dëse prakteschen Atelier war den Ufank vun 3 gréisser Formatiounen vir d’Sekuriste vum EHTK. Nodeems Si elo d’Häerz kennen, gëtt no der Chrëschtvakanz d’Fonctionnement vum Häerz nach op theoretescher Basis erkläert, souwéi och déi méiglech Erkrankungen um Häerz.
An engem weidere Kur gëtt dann méi genau op d’Thema Reanimatioun opgebaut. Déi elementar Gester sinn de Sekuristen natierlech bekannt, an awer léieren si weider Methoden an Hëllefsmëttel bei der Reanimatioun kennen. An üben kann een ni genuch.
Gehale ginn dës Formatiounen vum Theo Wooning.
E grousse Merci geet un de Här Mozek an den Här Wooning vir d’Ennerstëtzung.