SecuriDays zu Beetebuerg

De Weekend vum 21. an 22. September huet den Asazzenter Beetebuerg d’ SecuriDays organiséiert. Am Kader vum groussen Anniversaire 112-50-40 huet de CIBETT eng grouss Porte Ouverte op d’ Been gestallt. Iwwert déi 2 Deeg konnten d’ Leit iwwer 50 Ween vu Rettungsdéngscht an Arméi aus dem In- an Ausland kucken, den Ëmgang mat engem Feierlächer konnt geléiert ginn, oder awer déi wichtegst Gester vun der Éischt Hëllef.

SecuriDays1  IMG_3653

Nieft Atelieren gëlle wuel als “Highlights” vun de sougenannte SecuriDays déi sëllegen Demonstratiounen: eng Fett Explosioun, en Auto Brand, interaktiivt Befreie vun enger Victime aus engem accidentéierten Auto oder awer en Zëmmer Brand an eng Simulatioun vun engem Crash mat 50km/h géint e Bam.

All dës Demonstratiounen hu vir grouss Begeeschterung beim Publikum gesuergt. De Samschdeg Owend gouf mat engem gratis Open Air-Kino mam Film “White House Down” ofgeschloss.

IMG_4151  IMG_4187

D’EHTK op de SecuriDays

D’ Éischt Hëllef Team aus dem Kolléisch war op dëse SecuriDays och mat engem Stand an Atelier vertrueden. Iwwert déi 2 Deeg waren jeeweils 4 Sekuristen present, vir de Leit d’ Éischt Hëllef Team virzestellen, an d’ Reanimatioun mat hëllef vun eisem Projet MiniAnne™ dem Public bäizebréngen.

De Stand an Atelier huet vir grouss Begeeschterung gesuergt, an och den deemolegen Inneminister, Jean-Marie Halsdorf war sech de Stand méi genau ukucke komm.

D’ Éischt Hëllef Team war begeeschtert vum flotte Weekend beim CIBETT, an och iwwert den Intressi vun de Leit géigeniwwer dem EHTK. E grousse Merci geet un den Zenter Beetebuerg, deen eis och an de leschte Joeren ëmmer rëm ënnerstëtzt.

Et bleift ze vermierken, dass d’ Éischt Hëllef Team de Projet MiniAnne™ weider ausbaut, sou wäerte mir Enn des Joers an der City Concorde de Leit d’ Reanimatioun bäibréngen.

IMG_3566       IMG_3569

 

 

 

 

 

 

Fotoen: CIBETT