Aktuelles vun eisem MiniAnne-Projet
Ob dëser Säit stinn déi aktuell Informatiounen zum Projet “MiniAnne”.
- Wéini ass erëm MiniAnne?
- Wee gouf wou ausgebilt?
- Wou ass den ETHK iwwer de Kolléisch eraus mam MiniAnne nach am Asaz?
- Zu enger MiniAnne-Formatioun gehéieren:
- Thoraxkompressiounen,
- Beootmung,
- Asaz vun engem Defibrillator an
- d’Stabil Säitelag.
- Formation LRC : Campagne Réagis! for schools 2018 by JL Gindt – version pdf
- Virlag vun der MiniAnne-Formatioun no den ERC Guidelines 2015.
» 2019 & 2020 – formation MiniAnne-Réagis pour la première fois avec des poupées Brayden
Den EHTK investéiert elo a Brayden-Poppen fir d’Reanimatiounsformatioune méi réalitéitsgtrei ze gestalten. De Feedback ass positiv.
» 4 – 23 janvier 2018 – formation MiniAnne-Réagis déjà pour la 10e année à l’Athénée
623 jeunes des classes de 6e, 4e, 2e ainsi que le personnel non-enseignant ont suivi les cours de réanimation cardio-pulmonaire avec utilisation d’un défibrillateur. Ces cours ont été assurés par 7 professeurs et 13 élèves du EHTK, qui ont tous suivi un cours de BLS-Provider. Une collaboration entre l’EHTK et les professeurs d’éducation physique et les professeurs de biologie. Voir des fotos sur notre FB.
» 14. Mee 2017 – Kannerklinik
Den EHTK ass mat sengem MiniAnne-Stand bei der Porte Ouverte an der Kannerklinik present. Eist Team war vertrueden duerch: Serena Bou, Simran, Jasmin, Rémi, Guillaume, Arthur, Serena Be, Nathan, Joana, Yulang, Myriam Gessner a JL Gindt. Méi och op eisem facebook
» 18. Oktober 2016 European Restart a Heart Day
Den EHTK ënnerstëtzt d’LRC bei der Formatioun vu Jonker aus dem LAML, LMRL, ECG a LHCE am Forum Geesseknäppchen. Eng 350 Schüler a Professere goufen dee Moie forméiert. Kuckt de Video vun 101Studios
» 24. – 25. September 2016
Resuscitation 2016 – ERC congress on Education in Iceland-Reykjavik
Read the abstract submitted by the Athénée
» 12/05/16
De Educatiounsminister Claude Meisch trainiéiert mam Direkter Jos Salentiny an dem Adjoint Claude Heiser d’Thoraxkompressiounen ënnert der Leedung vum EHTK.
» 15/02/16
MiniAnne-Formatioun am Sportlycée fir hir Klasse vu 6e/8e, 4e an 2e am Kader vun hirer “journée prévention”.
140 Schülerinnen a Schüler hunn a 3 Duebelstonnen esouwuel déi praktesch Gester vun der Reanimatioun mam Jean-Louis Gindt an Jorden Kent vum EHTK geléiert, wéi och vum Carlo Clarens an dem Monique Majerus vun der LRC zousätzlech theoretesch Informatiounen zum Häerzstëllstand kritt.
» 04/02/16
MiniAnne-Formatioun fir d’Klasse vun 2e an der Sportshal, an Zesummenaarbecht mat de Sportsprofesseren.
» 18. – 25/ 02/16
MiniAnne-Formatioun fir d’Klasse vu 6e a 4e an Zesummenaarbecht mat de Biologiesprofesseren.
» 06/02/16
Ënnerstëtzung vum “Projet Éischt Hëllef” vun enger 13e aus dem Lycée technique vu Lalleng, déi mat 3 Klasse vu 7e en Éischt Hëllef Dag organiséieren. Den EHTK huet mat hinnen eng MiniAnne Formatioun gemaach, un där 65 Schüler a Schülerinnen deelgeholl hunn. Méi Fotoen op eisem FB.
» 16/12/15
Éischt Hëllef Gester übe mam 4. Schouljoer an der Klass vum Carole Hienckes um Houwald. Mat derbäi waren d’Serena, d’Kim, d’Isabelle, de Jonathan an de Patrick. Déi 15 Schüler aus dem Cycle 3.2 hu geléiert, wéi een eng verletzte Persoun uschwätzt, d’Ootmung kontrolléiert, den 112 urifft a wat een da seet. Duerno hunn si bei engem Bewosstlosen, deen normal otemt, d’stabil Säitelag trainéiert. Am Fall wou keng Otmung do ass, hunn si voller Begeeschterung mam MiniAnne d’Gester vun der Häerzmassage geübt an den Ëmgang mam Defibrillator geléiert.
» 14/12/15
Formatioun Réagis! fir all Memberen vum EHTK an Zesummenaarbecht mat der LRC (Carlo Clarens) an DeWidong (Marc Frieden) iwwer déi nei Guidelines vun der Reanimatioun a praktesch Virbereedung op eis MiniAnne-Formatiounen, déi am Januar, Februar 2016 op de 6es, 4es an 2es ustinn. Un dëser Formatioun huet och e Grupp vum HELP-Team aus dem LTMA vu Péiteng mat gemaach.
» 17. – 18./10/15
Porte ouverte @ Hoffmanns zu Alzeng – eng Zesummenaarbecht mat de Jugendpompjeeë vum CI Hesper. Den EHTK ass mat sengem MiniAnne-Stand vertrueden a weist de Leit d’Gester vun der Reanimatioun an den Ëmgang mat engem Defibrillator.
» 26/09/15
Sécherheetsdag an der Ettelbrécker Foussgängerzon organiséiert vum CISETT
Den EHTK war mat sengem MiniAnne-Stand present an huet ganz ville Passanten, esouwuel Kanner wéi Erwuessener, d’Gester vun der Reanimatioun bäibruecht, den Ëmgang mam Defibrillator erkläert a mat de Leit d’stabil Säitelag trainéiert. Kuckt Fotoen op eiser FB-Säit
» 25/09/15
10e Reanimatie-estafette Limburg Sportzone Limburg Sittard-Geleen
Mat derbäi waren dëst Joer: Serena Boukelmoun, Océane Izzi, Jorden Kent, Patrick Tavernier, Myriam Gessner a Jean-Louis Gindt. Den EHTK gouf begleet vum Henri Mousel, Theo Wooning (112) an dem Carlo Clarens (LRC).
» 19. – 20/ 09/15
Securidays 2015 – Centre d’Intervention Bettembour
Den EHTK war mat sengem MiniAnne-Stand present.
Ganz vill Leit, esouwuel Kanner wéi Erwuessener, hu mat eisem Team d’Gester vun der Reanimatioun geléiert, den Ëmgang mam Defibrillator erkläert kritt an d’stabil Säitelag trainéiert. Liest den Artikel mat ville Fotoen op rtl.lu: SecuriDays zu Beetebuerg: Feier, Damp a Kollisiounen an op cibett.lu
» 18/06/2015
MiniAnne-Formatioun vum EHTK an der BGL BNP Paribas – Agence Luxembourg–Merl-Jardins de Luxembourg.
Fotoen op eiser Facebooksäit
» 17/06/2015
MiniAnne-Formatioun mam Prënz Guillaume am Kader vum Mérite Jeunesse.
Liest den Artikel um Kolléischssite
» 30/04/2015
MiniAnne-Formatioun vum EHTK am NOSL am Kader vun hirem “Alternative Schouldag”.
» 25/04/2015
An Zesummenaarbecht mam CI Hesper – First Responder bitt den EHTK am Kader vum Centre de promesse Télévie zu Hesper eng MiniAnne-Formatioun un fir all Leit, déi deen Dag zu Hesper passéieren. – Liest de ganzen Artikel
» 26/02/2015
MiniAnne-Formatioun vun alle Schüler vun 2e an Zesummenaarbecht mat de Sportsprofesseren a Réagis! Déi 1. Schoulstonn ware 45 Schüler do, déi 2. Stonn 70 Schüler an déi 3. Stonn souguer 93 Schüler, déi all zesummen an disziplinéiert an der Sportshal d’Gester vun der Reanimatioun trainéiert hunn. – Video an op Facebook
» 12/01/2015
Haut hunn d’MiniAnne-Formatiounen am Kolléisch nees ugefaangen! Am Schouljoer 2014/15 iwwerhuelen d’Biologieprofesseren d’Aufgab, de Cours op de Klasse vu 6e a 4e ze halen. Dobäi gi si vu Secouristen aus dem EHTK ënnerstëtzt.
» 18/10/2015
Participatioun vum EHTK um Symposium « Les Jeunes et le Sport: JUST MOVE ? » am Centre Hospitalier (CHL) a Virstellung vum MiniAnne-Projet am Kolléisch
» 14/07/2014
Reanimatiounscoursen an der Grondschoul Fréiseng
» 01/02/2014
EHTK goes City Concorde mam MiniAnne
» Januar / Februar 2014
Am Schouljoer 2013/14 iwwerhuelen niewent dem Här Mousel an de Schüler vum EHTK och e puer Biologieprofesseren d’Minianne-Formatiounen.
» Januar / Febraur 2013
Och am Schouljoer 2012/13 steet MiniAnne um Programm fir dass d’6ème, 4ème an 2ème di wichteg Geste vun der Reanimatioun geléiert ginn.
» 11/07/2011
Studente vum EHTK léiere Schüler aus der Grondschoul vu Fréiseng reaniméieren an esou Liewe retten. Zënter 2011 gehéiert d’Zesummenaarbecht mat der Grondschoul Fréiseng zum Minianne-Programm vum EHTK.
» 09-10/07/2011
Den EHTK presentéiert d’Gester vun der Reanimatioun am Kader vun der porte ouverte am Centre d’Intervention Stengefort
» 11/12/2010
Am Kader vum “Basic Life Support” war den ETHK mam MiniAnne um 5. workshop médico-sportif vertrueden.
» 17-25/10/2009
Den EHTK presentéiert d’Gester vun der Reanimatioun op der Hierschtfoire 2009
- Le Portail Santé sur la Foire d’Automne 2009
- Réanimation cardio-pulmonaire guide
- RTL De Magazin 19/10/2009
» 02-03/10/2009
Den Tom Barnig an de Jean-Louis Gindt huelen Deel um Scientific Symposium Education 2009 vun der ERC (European Resuscitation Council) zu Köln. Do presentéieren si de Poster “First Secondary Scholl in Luxembourg sampling CPR with MiniAnne” – pdf
» 01/02/2009
Pressekonferenz zum Thema MiniAnne an Defibrillator. De Kolléisch ass déi éischte Schoul zu Lëtzebuerg, déi en Defibrillator huet.
» 31/01/2009
De 5. Januar 2009 hu mir bei eise Schüler am Kolléisch mat der Formatioun um MiniAnne ugefaang. Bis haut hunn op dësem Wee 400 Meedercher a Jongen am Alter tëschent 13 a 16 Joer Grondkenntnisser vun der Reanimatioun kenne geléiert a beherrschen des och. De 16. Februar 2009 ass eng Pressekonferenz ugesot fir der Ëffentlechkeet eise Projet virzestellen.