Häerzlech Wëllkomm am FAQ vum EHTK
Hei hutt Dir d’Méiglechkeet eng Äntwert op all Är Froen zum Éischt Hëllef Team Kolléisch ze fannen.
FAQ - All Froen an Äntwerten
Wat ass den EHTK?
EHTK steet fir „Éischt Hëllef Team Kolléisch“. An enger Schoul wéi dem Stater Kolléisch, wou sech all Dag méi wéi 1400 Schüler souwéi ëm déi 250 Erwuessener, spriech Professeren, Personal vum Service Technique, Botzfirmaen, asw., ophalen, kéint et ëmmer zu all erdenklechem Noutfall kommen. D’Iddi vum Éischt Hëllef Team Kolléisch ass et, de Matmënsche bei engem méi oder manner groussen Noutfall déi beschtméiglech Éischt Hëllef ze leeschten. Et ass bekannt, dass déi éischt Minutten no engem Noutfall déi wichtegst sinn, fir déi optimal Éischt Hëllef ze leeschten. Och wann eis Schoul an der Haaptstad ass, kann et eng Zäit daueren, bis d’Rettungsdéngschter antreffen. Dës Zäit gëtt vun eise Secouristen iwwerbréckt, mam Effekt, dass d’Waardezäit dem Patient net ze laang erschéngt, well e weess, dass him gehollef gëtt. Awer och bei méi Klengegkeeten, wéi Bauchwéi a Kappwéi; Schnëttwonnen; asw., këmmere mir eis ëm de Patient a probéieren him ze hëllefen. Falls de Patient vill krank ass, zum Beispill eng Mogripp kéint hunn, kontaktéiere mir, an enker Zesummenaarbecht mat eisen Educateuren, d’Elteren, a waarde mam Patient, bis en ofgeholl gëtt.
Wat mécht den EHTK?
D’Membere vum Team sécheren déi éischt 3 Glidder vun der Rettungsketten of, spriech Direktmoossnamen, Noutruff an Éischt Hëllef, bis d’Rettungsdéngschter op der Plaz sinn. Wärend der ganzer Schoulzäit sinn ëmmer 3 vun eise Secouristen disponibel, fir am Noutfall fachgerecht Éischt Hëllef ze leeschten. Nieft de reguläre Schoulstonnen, hëlt den EHTK u bal alle Manifestatioune vun der Schoul deel, ënnerstëtzt se a Form vun engem Bereetschaftsdéngscht a suergt fir déi néideg Sécherheet. Awer och bei enger Evakuatioun vum Schoulgebai, souwuel bei enger Übung wéi am Eeschtfall, ginn all d’Secouriste per “Alerte-Générale” alarméiert a suergen da fir en onproblemateschen Oflaf vun der Evakuatioun. All Schüler aus dem Kolléisch, deen en unerkannten Éischt Hëllef Cours matgemaach huet, ka sech fir d’Team mellen. Intern huelen d’Secouristen u Formatiounen deel, wat och zu hiren Aufgabe gehéiert. Éischt-Hëllef-Moossnamen an extern Formatioune stinn hei um Programm. Eng weider Aufgab ass d’Verwaltung vum Team, déi Schüler zum Deel selwer iwwerhuelen. Hei muss z.B. de Permanence-Plang opgestallt ginn, wou all Schoulstonn bis zu 3 Secouristen Déngscht hunn, déi dann am Noutfall aus dem Cours iwwer Piipser geruff ginn.
Wat fir Asätz huet den EHTK?
D’Asätz vum EHTK si ganz verschidden, wat och fir vill Memberen de Reiz ausmécht. D’Villfalt un Asätz hänkt domadder zesummen, dass an der Schoul vill verschidde Saache passéiere kënnen. Zu de meeschten Asätz gehéieren: Kappwéi, Bauchwéi, Wonnen, Reegelbauchwéi, Halswéi, Prellungen, Verstauchungen. D’Éischt Hëllef Team Kolléisch ass awer och bei Asätz wéi Nuesbludden, allergesch Reaktiounen oder Sportverletzungen, Zerrungen, Verrenkungen, asw. do.
Wéi leeft en Asaz of?
Wann en Noutfall ass, da gëtt deen, deen um Déngschtplang steet, gepiipst. Dofir notzt den EHTK sougenannte Piipserten, déi de Secourist am Déngscht bei sech dréit. Wann de Secourist geruff gëtt, da kann en op sengem Piipsert ofliesen, wou den Asaz stattfënnt. Da geet de Secourist sech esou séier wéi méiglech op d'Asazplaz fir ze hëllefen. Nom Asaz ass de Secourist verflicht, direkt zeréck a säi Cours ze goen.
Wéi al muss ee sinn fir Secourist am EHTK ze ginn?
Et gëtt kee spezifeschen Alter fir an d’Éischt Hëllef Team ze kommen. All Schüler vu 7e bis 1re dierf aktive Member vum EHTK ginn.
Wat sinn d‘Erwaardungen u mech wann ech an d'Team komme wëll?
Vun all Secourist gëtt erwaart, dass e motivéiert, interesséiert an teamfäeg ass. Dës Fäegkeete sinn enorm wichteg, fir d’Aufgabe vum EHTK erfollegräich ze meeschteren a fir mat Patienten ëmzegoen.
Wat sinn d'Viraussetzunge fir an d'Team ze kommen?
E gültegen Éischt Hëllef Diplom (vun der Croix-Rouge oder dem CGDIS) ass obligatoresch, fir dem Team bäitrieden ze kënnen. Wann s de nach net am Besëtz vu sou engem Diplom bass, da sief berouegt: All Joer bitt den EHTK Éischt Hëllef Coursen a Collaboratioun mam CGDIS am Athénée selwer un, op Lëtzebuergesch an op Englesch. Des Weidere kann ee sech beim CGDIS informéieren, wou a wéini een e Cours ugebuede gëtt. Dës Course si komplett gratis. Duerno fënnt nach eng intern Ausbildung vum EHTK statt, wou ee mat de schoulspezifeschen Asätz an enger Material-Ausbildung familiariséiert gëtt. Dës Ausbildung gëtt mat engem internen Examen ofgeschloss.
Can I join even if I'm in the international classes?
Joining is possible for every student possessing a first aid diploma. However, the team consists mainly of Luxembourgish speakers, which could make it difficult to deal with. However, we are willing to welcome everyone who is interested and motivated to help other students.
Bei wiem muss ech mech melle wann ech an d‘Team komme wëll?
D'Umeldung kann een iwwer www.ehtk.lu/member maachen. Zesumme mat séngem Erzéiungsberechtegten muss een de Formulaire op dëser Säit ausfëllen a fortschécken.
Wéi laang dauert d’intern Ausbildung vum EHTK a wéini fënnt se statt?
D’Ausbildung ass am Ufank vum Schouljoer wärend e puer Mëttwochen an der Mëttegpaus. Intern Weiderbildunge fannen Donneschdes no de Schoulcoursë statt. D’Ausbildunge ginn op Lëtzebuergesch gehalen.
Vu wéini un dierf een aktiv matmaachen (Permanence huelen, op Veranstaltungen dobäi sinn)?
D’Participatioun u Veranstaltungen an de Moment vun deem un een Déngscht iwwerhuele kann, gëtt all Joer vum Comité decidéiert. Et gëtt probéiert, déi nei Memberen esou séier wéi méiglech mam Prakteschen ze familiariséieren an se méiglechst séier an d’Team z’integréieren.
Wéi funktionéiert dat mat der Permanencen?
All Member aus dem EHTK kritt en eegene Login, fir sech am Intranet vum EHTK anzeloggen. An deem ass et méiglech, sech all Woch an eng Déngschtlëscht anzeschreiwen. An deene Schoulstonne kann een dann am Noutfall geruff ginn, fir enger Persoun ze hëllefen. Et ass awer wichteg ze wëssen, dass ee keen Déngscht wärend enger Prüfung huelen dierf an och net a Fächer, wou de Proff net seng Autorisatioun ginn huet. D’Unzuel vun de maximalen Déngschtstonne gëtt intern vum Comité decidéiert.
Wéi gesäit d’Infirmerie iwwerhaapt aus?
Wéi ass et mat ausserschouleschen Aktivitéiten?
All Woch bitt den EHTK Weiderbildungen un, fir säi Wësse permanent z’erweideren an opzefrëschen. Ausserdeem participéiert den EHTK op villen ëffentleche Veranstaltungen, wou eng eventuell Éischt Hëllef gebraucht ka ginn.Des Weidere mécht d’Éischt Hëllef Team e puer Mol am Joer en Ausfluch, fir den Teamgeescht ze verstäerken, oder fir de professionelle Gesondheetsmilieu z‘entdecken. Den EHTK hëlt un alle Manifestatioune vun der Schoul deel, ënnerstëtzt se a Form vun engem Bereetschaftsdéngscht a suergt fir déi néideg Sécherheet.All eis neisten Aktivitéite fannt Dir hei: KLICK
Wat ass ehtk.lu?
Dës Websäit ass eng Eegekreatioun vun e puer Membere vum EHTK. Dës Säit gëtt benotzt, fir d'EHTK no baussen zougänglech ze maachen. Op dëser Säit fënnt ee vill verschidde Méiglechkeeten, d'Team kennen ze léieren. Dobäi kënnt, dass een sech op ehtk.lu och an d'Team aschreiwen, sech als Membre Honoraire mellen an einfach mam Team a Kontakt triede kann. Klickt Iech einfach duerch!
Keng Fro fonnt. Probéiert en anere Begrëff oder stellt Är Fro mam Formulaire, ënnen op der Säit.