1. Éischt Hëllef Dag (EHD)

Den 30. Juni war am Stater Kolléisch déi 1. Versioun vum Éischt Hëllef Dag, organiséiert vum EHTK. Enner dem Motto: Präventioun – Éischt Hëllef – Rettung

 

Um 10 Auer war de Startschoss​

Et ass scho fréi ugaangen mat enger Ried, der Ouverture, duerch den Direkter vum Athénée, de Joseph Salentiny. An där Ried huet hien de Roll vun engem Éischt Hëllef Team ervirgehuewen an all de Sekuriste vum Éischt Hëllef Team e grousse Merci gesot fir hiren Asaz an hier Motivatioun.

Direkt dorop goung et mam éischte Virtrag weider: um 10:45 huet den Dr. Jean Beissel iwwer d’maladies cardio-vasculaires” geschwat.

No dësem Virtrag war eng kleng Paus ugesot, an där d’Leit sech déi sëllechen Atelieren ukucke konnten.

 

Table Ronde, Atelieren an nach villes méi…

Et No enger klenger Erfrëschungspaus stoung um 11:45 eng Table Ronde zum Thema “Éischt Hëllef an der Schoul” um Programm. Un dëser Table Ronde hunn deelgeholl:

  • M. Joseph Salentiny (Direkter Athénée)
  • Mme. Simone Beissel
  • Dr. Martine Mergen
  • M. Jean-Marie Klein
  • M. Michel Feider
  • Mme. Lynn Mamer (Sekurist EHTK)

An deem Ronndëschgespréich gouf manifestéiert, wéi wichteg d’ Präsenz vum Éischt Hëllef Team an enger Schoul ass, an op de Problem opmierksam gemaach, dass leider nach net vill Schoulen iwwer sou Teamer verfügen.

Nom Ronndëschgespréich stoung dunn rëm eng kleng Paus un, déi vill Leit genotzt hunn fir eppes ze iessen an ze drénken. Ma och an där Zäit waren d’Atelieren ausgelaascht. Verbänn a Plooschteren, Éischt Hëllef am Allgemeng, an Reanimatioun waren d’Ateliere vum EHTK. Tasqforc QRS, déi aus Holland komm sinn, hunn de Leit mat Poppen déi un e Computer ugeschloss waren duerno e genaue Bilan vun hirer Reanimatioun gemaach.

Um 13:15 war et dunn um Virtrag vum Dr. Marc Keipes zum Thema “La Prévention – de la théorie à la pratique”, deen rëm vill Leit nogelauschtert hunn. An dësem Virtrag ass den Dr. Keipes méi genau op eng vun den 3 Branchen vun dësem Éischt Hëllef Dag agaangen, d’ Präventioun.

Dobaussen ass et dunn géint 14:00 mat enger Simulatioun vun engem Asaz weidergaangen: D’Sekuriste vum Éischt Hëllef Team sinn op en Asaz geruff gi mat 2 Verletzten. No engem Vëlosaccident klot een iwwer Réckwéi, deen aneren iwwer Péng am Aarm. Direkt ass kloer dass hei keng 2 Sekuristen duerginn.

Während d’Lynn Mamer den 112 alarméiert huet, iwwer den Accident, huet de Frédéric dem Portier ugeruff, dass méi Sekuriste gebraucht géife ginn.

Och déi sinn direkt alarméiert ginn: “EHTK……Urgence……….. parvis dupong …….. 2 blesses apres accident velo…..” . 3 weider Sekuristen, den Tom, Kevin an d’Julie hunn sech mam néidege Material op de Wee gemaach.

2 Sekuristen hunn sech em d’ Armverletzung gekëmmert, dee ma hëllef vun enger sougenannte “Splint Schinn” geschinnt gouf. Déi aner 3 hunn dem Patient mat der Réckeverletzung de “Stifneck” ugedoen an d’Vakuummatratz preparéiert. Mat der Schaufeltrag gouf de Patient schounend an d’Vakuummatratz geluecht an d’Sekuristen hu just nach missen op d’Antreffe vun der Ambulanz waarden.

D’Ambulanz war och schnell mat 2 Leit op der Platz. De Max an den Dick hu sech schnell en Iwwerbléck iwwer d’Situatioun gemaach an haten näischt méi ze dinn, ausser de Patient opzelueden. Duerch déi gutt Virbereedung vum EHTK war de Gros vun der Arbescht scho gemaach. Moderéiert gouf déi ganz Simulatioun vum Théo Wooning.

 

Den Dag ass weider gaangen, mat ville Méiglechkeeten

No der Übung haten d’Leit rëm d’Méiglechkeet vun den Atelieren ze profitéieren. Ma nieft deene vum EHTK, waren och Stänn vun der Protex, Pompjeeën, Médécine Scolaire, Firma  “Doppler”, etc. do, un deenen een sech informéiere konnt.

D’Police huet de Leit d’Méiglechkeet ginn mam engem Go-Kart ze fueren, ma dest mat engem spézielle Brell, wou een d’Gefill kritt, wéieng Auswierkung den Alkohol huet, an natierlech war en Opklärungsstand dobäi.

Och dobäi war de Steiger/ TMF23-12 (ëmgangssproochlech Leeder) aus dem CIBETT (Centre d’Intervention Bettembourg), wou d’Leit d’Méiglechkeet kruten, sech dëst Gefier méi genau unzekucken, an eng kéier bis op 30 Meter erop ze fueren. Mee net nëmmen dëst Gefier konnten sech d’Leit ukucken. Och eng Ambulanz vun der BF, vun der Croix Rouge an aus dem CIBETT stoung zur Verfügung, genau wéi en HTLF aus der Staat, en MTW, Motorad vun der Croix Rouge. Vir vill Intressie huet och de SAMU gesuergt, deen een normalerweis net einfach sou ka kucken.

Et stoung dunn nach e Virtrag vum Dr. Marcel Brük um Programm, deen dem Public den AVC an allen Eenzelheeten erkläert huet, an op d’ Geforen an d’Symptomer opmierksam gemaach.

Alles an allem war de Leit also ganz vill gebuede fir sech iwwer d’1. Hëllef ze informéieren.

Dat ganzt Team hofft dass de Leit d’ Rettungsdéngschter méi genau konnte virgestallt ginn, an dass bei deem engen oder anerem d’Intressie erweckt gouf, fir dem Benevolat bäizetrieden oder villäicht och an enger Schoul en Éischt Hëllef Team ze maachen.