Firwat gëtt et den EHTK?

An enger Schoul wéi dem Stater Kolléisch, wou sech all Dag méi wéi 1400 Schüler souwéi en déi 250 Erwuessen, spriech Professeren, Service Technique, Botzfirmaen, etc., ophalen, kéint et ëmmer zu all erdenklechem Noutfall kommen.

D’Idee vum Éischt Hëllef Team Kolléisch (kuerz EHTK) ass et, de Matmënsche bei engem méi oder manner groussen Noutfall déi beschtméiglech Éischt Hëllef ze leeschten. Et ass bekannt, dass déi éischt Minutte no engem Noutfall déi wichtegst sinn, fir déi optimal Éischt Hëllef ze leeschten.

Och wann eis Schoul an der Haaptstad ass, kann et eng Zäit daueren, bis d’Rettungsdéngschter antreffen. Des Zäit gëtt vun eise Sekuristen iwwerbréckt, mam Effekt, dass d’Waardezäit dem Patient net ze laang erschéngt, well en weess, dass him gehollef gëtt.

Awer och bei méi Klengegkeeten, wéi Bauchwéi a Kappwéi; Schnëttwonnen; etc, këmmere mir eis ëm de Patient a probéieren him ze hëllefen. Falls de Patient vill Krank ass, zum Beispill eng Mogripp, kontaktéiere mir d’Elteren, a waarde mam Patient, bis en ofgeholl gëtt.

 

IMG_3719