D'Infirmerie am Stater Kolléisch
Hei fannt dir Fotoe mat enger Beschreiwung iwwer d'Infirmerie am Athénée, déi d' Éischt Hëllef Team Kolléisch sech opgebaut huet a selwer verwalt.
D'Infirmerie ass net nëmme mat puer Verbänn a Plooschteren ausgestatt, mä vill Material wat an enger Ambulanz ze fannen ass, gëtt et och an eiser Infirmerie.
Wou ass d'Infirmerie?
Fotoen
Gesamtiwwerbléck
360° Tour
Wann een an d'Infirmerie era geet
1. Brancard
Fir de Patienten e beschtméigleche Confort ze erméiglechen ass eis Infirmerie mat engem Brancard equipéiert.
2. Stillchen
Dëse gëtt virun allem fir Patiente benotzt, déi net méi kënne goen (no enger Verletzung beispillsweis) a fir de Patient sou bis an d’Infirmerie ze beförderen.
3. Büro
Um Büro befënnt sech ënner anerem de Computer, den erméiglecht, d’Asatzberichter ze schreiwen.
4. Schaf mat Verbandsmaterialien
An dësem Schaf befënnt sech alles, wat e brauche kéint, fir Plooschteren unzeleën a Verbänn ze maachen.
5. Schaf mat Diagnostiksmaterial
An dësem Schaf befënnt sech alles, wat e brauche kéint, fir eng komplett Diagnostik ze erméiglechen.
6. Notfallmedikamenter
An dësen Tiräng kënne Schüler hir perséinlech Noutfallmedikamenter deposéieren, déi se am Noutfall kënnen accesséieren. Déi Medikamenter si schülerspezifesch, wat heescht, dass keen anere Schüler déi Medikamenter zur Verfügung gestallt kritt.
7. Noutfallschemen
Op dëse Plakater stinn déi wichtegst Schemata, déi een an engem Noutfall kéint gebrauchen.
8. D'Teammaskottchen
De SamuAL, d’Teammaskottchen, huet an der Infirmerie seng ganz bestëmmte Plaatz.
Lavabo
1. Incidin
Gëtt fir d’Desinfektioun vum Brancard benotzt.
2. Lavabo
D’Hänn wäschen ass elementar fir d’Hygiene.
3. Handseef an Desinfektionsmëttel
Hei hänkt de Seefespender an d’Desinfektionsmëttel fir d’Hänn.
4. Wasserkocher
Fir den Téi fir d’Patienten ze preparéieren.
5. Dreckskëscht
Fir Asatzmaterial ze entsuergen.
6. Noutfallrucksak
Den EHTK huet en Noutfallrucksak deen e fir mobil Asätz ka benotzen.
7. Besatschëld
Weist vu baussen, ob aktuell e Patient an der Infirmerie ass.
8. Schaf mat Téien, Tasen a Becheren
An dësem Schaf befannen sech all d’Téien déi d’EHTK dem Patient kann ofréieren an och d’Tasen an d’Becheren.
Treffpunkt
1. Schaufeltrag, Vakuumsmatratz & Krätschen
Fir réckeschounenden Transport a Rettung a fir beim Goen ze Hëllefen.
2. Schaf mat Reservematerial
Hei befënnt sech en Deel vum Reservematerial vum EHTK.
3. Schaf mat Übungsmaterial & Ausflichrucksäk
Hei befënnt sech d’Übungsmaterial vum EHTK an Noutfallrucksäk, déi d’EHTK bei Schoulausflich ka verléinen.
4. Whiteboard
Um Whiteboard stinn déi wichtegst Informatiounen.
Am Detail
De Büro
1. Printer
De Printer ass zoustänneg, d’Excuse vun de Patienten auszedrécken.
2. PC
De PC erméiglecht e permanenten Accès op den Intranet, fir Asatzberichter ze schreiwen.
3. Telefon
Den Telefon gëtt benotzt, fir am Noutfall schnellstméiglech kënnen den 112 ze ruffen oder d’Eltere vun dem jeweilege Patient.
4. Funken & Opluedstation fir d'Pageren
D’ EHTK ass mat Funken equipéiert, déi all Moment asazbereet sinn, souwuel fir gréisser Asätz wéi och bei Manifestatiounen. Just derniewend befënnt sech d’Opluedstation fir d’Pagere vum EHTK opzelueden.
5. Ofsaugeenheet (LSU)
Den LSU gëtt benotzt, fir eventuell Kierperflëssegkeeten an engem mobilen Asatz ofzesaugen. Mam LSU kann och d’Loft aus der Vakuumsmatratz gezu ginn.
6. Killschaf
Hei ginn d’Coldpacks an Noutfallmedikamenter vu Schüler, déi musse kal gelagert ginn, opbewart.
7. Rettungswesten
D’Rettungsweste stinn dem EHTK dauerhaft zur Verfügung, fir a mobilen Asätz erkannt ze ginn.
De Verbandsschaf
1. Fingerstützverband & Nosenblot
Gëtt benotzt fir Fangerstëtzverbänn ze maachen an Nuesbludden ze behandelen.
2. Kompressiounsverbänn, Steri-Strip, Leuko
Gëtt benotzt fir Kompressiounsverbänn unzeleën, Wonnen ze behandelen a Verbänn zesummenzepäschen.
3. Verbänn
D’Verbänn sinn der gréisst no zochtéiert.
4. Rauco-Verbandsset, Aluderm-Fangerverbänn, Replantat-Notfallset, Siriusdecken
Gëtt ënner anerem fir Wonnen, Fangerverbänn, Replantatnoutfälkl an de Wärmeerhalt benotzt.
5. Splintschinnen, Pflaster, Kompressen
Gëtt benotzt fir d’Stabilisatioun a Wonnen.
Den Diagnostikschaf
1. Hyperventilatiounsmask
Gëtt a Fäll vun Hyperventilatioun benotzt.
2 Händchen
Si fir Asätz mat Kierperflëssegkeeten elementar.
3. Ethylometer a BZ-Moossgerät
Gëtt fir Alkohol- a Bluttzockermoossunge benotzt.
4. Pulsoxymeter
Mësst d’Sauerstoffsättegung a Bols vum Patient.
5. Bluttdrockmanschette a Stethoskop
Gëtt benotz, fir de Bluttdrock vum Patient ze moossen.
6. Schéiere, Pinzetten a Lup
Gi benotzt fir normal Saachen oder awer och Kleeder/Stoff ze schneiden a fir Asätz, wou eng gewësse Prezisioun verlangt gëtt.
7. Thermometer
En Infraroutthermometer den d’Moossung vun der Kierperthemperatur vum Patient erméiglecht.
8. Pupilleluucht an Zeckenentferner
Gëtt benotzt fir d’Pupillereaktioun vum Patient ze testen a fir Zecken ze fortzehuelen.
De Medikamenteschaf
1. Drauwenzocker
Gëtt a Fäll vun déiwem Bluttzocker benotzt.
2 Alkoholtupfer an Octenisept
Gi fir d’Desinfektioun benotzt.
3. Wärmepflaster
Bewierkt a Fäll vu Reeegelbauchwéi vill Wonner a verhënnert en onnéidege Medikamentekonsum.
4. Reflex-Spray, Reparil, Bepanthol, Systral, Biafine
Verschidde Crèmen a Sprayen, déi a verschidden Szenarie kënne benotzt ginn.
5. Buscopan, Ibuprofen (200/400mg), Paracetamol (500mg)
Medikamenter, déi mat enger bestëmmtener Erlabnis vun den Eltere a spezielle Fäll kënne verofreecht ginn.
6. Binden an Tampon
Fir a Fäll vu Reegelbluddungen déi néideg Hëllef proposéieren ze kënnen.
Den Asazrucksak (Auszuch)
1. Ofsaugkatheter
Gëtt benotzt fir Flëssegkeeten ofsaugen ze kënnen.
2. Beootmungsmasken
Masken déi bei enger noutwänneger externer Beootmung kënne benotzt ginn.
3. Sauerstoffmasken
Masken déi bei enger Sauerstoffzufuhr benotzt ginn.
4. Hyperventilatiounsmasken
Ginn am Fall vun enger Hyperventilatioun benotzt.
5. Sauerstoffläsch
Fir a Fäll vun enger néideger Sauerstoffzufuhr.
6. Schéier a Raséirer
Ginn an all Fall benotzt wou een eppes schneide mmuss an am Fall wou Kierperbehaarung misst entfernt ginn.
7. Mechanesch Ofsaug
Ersetzt déi automatesch Ofsaugeenheet am Fall vun enger Onverfügbarkeet.
8. Rauco-Verbandsset
E Verbandsset.
9. Splintschinnen
Ginn am Fall vun enger Stabilisatioun benotzt.
10. Dreiecksdicher
Gëtt beim Uleeë vun engem Aarmverban benotzt.
11. Ice-Packs, Kompressionsverbänn, Augenspülmittel
Gi fir Killungen, Kompressiounsverbänn a fir Aanspullungen bei chemësche Verätzunge benotzt.