Permanence vum EHTK:
Nieft de reguläre Schoulstonnen, hëlt den EHTK un bal alle Manifestatioune vun der Schoul deel, an ënnerstëtz se a Form vun engem “Bereitschaftsdienst”. Net nëmme bei Manifestatiounen um Campus mä och extern Manifestatiounen, wéi Charity Run, oder Manifestatiounen déi net vun der Schoul organiséiert sinn, wéi ING Marathon, suergt d’Éischt Hëllef Team fir Sécherheet.
KiC – Kolléisch in Concert
Déi wuel gréisste Manifestatioun vum Kolléisch an domat och déi gréisste Permanence fir d’EHTK ass den alljärleche Kolléisch in Concert.
Nieft der Ofsécherung vun den 3 éischten Elementer vun der Rettungsketten, Spréch Patrullen duerch d’ Gebai a Permanence an der Infirmerie, huet den EHTK beim KiC och d’Funktioun vun Secuity.
Charity Run
Et ass scho bal Traditioun dass de Stater Kolléisch sech all Joers fir de gudden Zweck engagéiert.
Eng vun de Formen ass den Charity Run, wou d’Éischt Hëllef Team zu enger grousser Unzuel vu Sekuriste fir d’Sécherheet suergt. Dobäi ass och ëmmer eng Ambulanz an neierdéngs riichte mir och en PMA (Poste Médical Avancé) op.
Campus- a Premièresfest, Kleeschen, Journée Rock ‘n’ Roll…
Dat gréisste Fest fir Schüler vum ganze Campus ass d’ Campusfest, wat säit e puer Joer vun alle Schoulen um Geesseknäppchen zesummen organiséiert gëtt.
Bei sou ville Schüler muss natierlech och fir Sécherheet gesuergt ginn. Des Aufgab huet den EHTK, awer net nëmme beim Kolléisch, mä iwwer de ganze Campus verdeelt si Patrulle vum EHTK déi am Fall vun engem Accident direkt kënnen hëllefen.
All Schoul kennt de Kleeschen. Ma och do muss fir Sécherheet gesuergt ginn, grad wann et scho glat dobaussen ass. D’ Premièresfest steet och um Programm wou d’ Éischt Hëllef Team fir Sécherheet suergt. Nei dobäi ass och d’Permanence op der Diplomiwwerreechung vun de Premiere mam uschléissenden Iessen.
Eis éischt Permanence déi net mam Kolléisch ze dinn hat war d’Journée Rock ‘n’ Roll vum “ECG”. E puer Schüler haten en Dag organiséiert, wou sech alles em Rock ‘n’ Roll gedréit huet. 6 Sekuristen an eng Camionnette gefëllt mat Material hunn des Permanence gemaach, an sou gouf och schnell e Klassesall an eng Infirmerie ëmgewandelt.
Dat sinn der nëmme puer vun de sëllege Permanencen déi d’EHTK all Joers mëscht.
All eis neisten Aktivitéite fannt Dir hei.