D’Entstehung vum EHTK
Am Januar 1998 hunn de lokale Sécherheets- an Hygiènescomitée sech getraff, fir d’Handhabung vu schouleschen Noutfäll am Kolléisch nei ze strukturéieren an nei z’organiséieren.
Am Laf vun den Diskussiounen huet de fréieren Directeur adjoint, de Här Paul Schiltz, d’Iddi vun engem Éischt Hëllef Team presentéiert, no dem Muster vun den däitsche “Schulsanitätsdiensten”.
Unhand vun dëser Broschür ass dunn d’Decisioun ergraff ginn, en Éischt Hëllef Team am Stater Kolléisch ze grënnen, mam Motto „Schüler hëllefe Schüler“.
Den Opbau an d’Leedung vum nei gegrënnte Grupp gouf dem Här Henri Mousel, fréiere Mataarbechter aus dem Service Technique, uvertraut. Dëse Choix huet sech als de richtegen erwisen. Den Här Mousel hat nämlech eng Formation continue iwwert d’Sécherheet an der Fonction Publique absolvéiert a gouf als beigeordneten Delegéierte vun der Sécherheet am Athénée ernannt.
Dozou kënnt, dass den Här Mousel als Ambulancier bei der Protection Civile engagéiert war. Mat senger grousser Erfarung, net nëmmen an der Éischter Hëllef, hat hien en optimaalt Fundament, fir seng nei Missioun z’erfëllen.
Mat der Hëllef vum deemolegen Direkter Emile Haag ass dunn an eng Grondausstattung investéiert ginn, fir Éischt Hëllef ze leeschten. D’Infirmerie gouf am Lokal wou d’Schoulmedezin d’Schüler wärend e puer Deeg ënnersicht huet, ageriicht. Dësen Investment war dréngend néideg, well mat enger Brëtsch, enger Wo, engem Moossband an engem eidele Schaaf konnt keng anstänneg Éischt Hëllef geleescht ginn.
Dem Projet en Éischt Hëllef Team ze grënnen, opzebauen an ze leeden stoung also näischt méi am Wee a mat 3 Schüler, déi am Besëtz vun engem Éischt Hëllef Diplom waren, ass de Projet am Laf vum drëtten Trimester vum Schouljoer 1998/99 an eng Testphas gestart. Dës Schüler ware mat engem „Pager“ equipéiert fir am Fall vun engem Noutfall kënne vun der Loge aus geruff ze ginn. Am Fall vun enger Interventioun, haten d’Schüler d’Erlabnis, de Cours ze verloossen, fir Hëllef ze leeschten.
D’Testphas war e grousse Succès. Dofier gouf am Oktober 1998 de Projet vun der „Éischter Hëllef“ der Schoulgemeinschaft presentéiert. Den Interessi war grouss an eng Informatiounsversammlung gouf den 11 November 1998 organiséiert. Am Laaf vun der Reunioun gouf dunn de Grupp mat 8 Schüler am Besëtz vun engem Éischt Hëllef Diplom mam Numm „Éischt Hëllef Team Kolléisch“, och bekannt ënnert dem Kierzel „EHTK“, gestart.
De Prinzip mat de Piipserte gouf bäibehalen a säit deem ass all Schoulstonn de Permanenceplang besat, fir dass an engem Noutfall eng schnell Éischt Hëllef geleescht ka ginn. An de meeschte Fäll geet dës Hëllef duer, fir dem betraffene Schüler d’Méiglechkeet ze ginn, zeréck an de Course ze goen. Mee an e puer Fäll këmmert sech d’EHTK och drëm, d’Elteren, an zanter 2018 mat der Hëllef vum Service socio-éducatif, ze kontaktéieren, an a rare Fäll och eng Ambulanz ze ruffe fir eng eventuell Hospitalisatioun ze vereinfachen.
Durch den Koordinierten Text vom 3. November 1995 über das abgeänderte Großherzogliche Reglement vom 13. Juni 1979 betreffend die Richtlinien zur Sicherheit im Öffentlichen Dienst und in den Schulen bestehen genaue Richtlinien über die Organisation der Sicherheit. Somit ist laut Art. 1.2.01 ein lokales Sicherheitskomitee aufzubauen. An der Spitze dieses Komitees steht der Sicherheitsdelegierte.
In Kapitel 19 des Großherzoglichen Reglements über die Sicherheit im Öffentlichen Dienst ist genau beschrieben, wie die Erste-Hilfe in den Schulen organisiert werden soll. So müssen z.B. die Personen, welche beauftragt werden Erste-Hilfe zu leisten, eine Schulung in Erster-Hilfe absolviert haben. Es ist ebenfalls festgelegt, dass Gebäude, in denen sich regelmäßig mehr als 400 Personen aufhalten, über eine Krankenstation verfügen müssen. Des Weiteren steht im Art. 19.3.01 des Großherzoglichen Beschlusses -Unbeschadet des Vorhandenseins von Krankenstationen und/oder auf Pflege spezialisierte Einrichtungen müssen Erste-Hilfe-Ausrüstungen in Notfallstationen zusammengefaßt und konzentriert werden.
Im Herbst 1998 legte Herr Paul Schiltz bei einer Versammlung des Lokalen Sicherheitskomitees eine Broschüre über einen Schulsanitätsdienst auf den Tisch und sprach sich dafür aus, einen solchen Dienst im Athenäum aufzubauen. Nach gründlicher Überprüfung der Broschüre sowie der Möglichkeiten im Kolléisch gab Herr Henri Mousel seine Zusage ein Erste-Hilfe-Team auf die Beine zu stellen. Jedoch mußten in erster Linie freiwillige Ersthelfer unter den Schülern gefunden werden, welches einfacher als zunächst befürchtet war, aufgrund der Durchführung eines Erste-Hilfe-Kurses im Athenäum. Das zweite Problem war die Ausstattung der Notfallstation, welche ein finanzielles Problem darstellte, weil im Budget keine Summe hierfür vorgesehen war. Hier konnte Henri Mousel auf die Hilfe des damaligen Schuldirektors Emile Haag zählen, welcher auf Grund seiner Position die nötigen Gelder fand. Für die Alarmierung der diensttuenden Schüler erwies sich die hausinterne Piepsanlage als ideal und so mussten nur noch 2 zusätzliche Piepser angeschafft werden.
– Henri Mousel, fréiere Chef vum Eischt Hëllef Team
15 Joer EHTK, an en neie Chef
Am Joer 2014, d’Joer vum 15. Gebuertsdag vum Éischt Hëllef Team Kolléisch an och d’Joer vun der Pensionéierung vum Här Henri Mousel, huet de Monsieur Jean-Louis Gindt, e scho Jore laang ganz aktive Member aus dem EHTK deen d’Reanimatioun promouvéiert huet an de Projet MiniAnne mat entwéckelt huet, op Propositioun vum deemolegen Direkter, de Monsieur Joseph Salentiny, d’Leedung iwwerholl.
Nodeems en déi néideg Formatiounen absolvéiert huet, ass den Här Jean-Louis Gindt als Delegéierte vun der Sécherheet ernannt ginn an huet d’Leedung vum Grupp iwwerholl.
Am selwechte Joer gouf och entscheet, e Règlement d’Ordre interieur op d’Been ze stellen, fir d’steteg Entwécklung vum EHTK ze reguléieren.
Am Laf vun de Joer huet de Monsieur Gindt d’Éischt Hëllef Team Kolléisch mat vill Temperament an Zock, an Zesummenaarbecht mat der Madamm Myriam Gessner, Chargée d’éducation am Athénée, dirigéiert.
Effektiv huet d’Éischt Hëllef Team am Laf vun der Zäit enorm vill Aktivitéite gehat, wat zur Entscheedung gefouert huet, de Poste vum Chef de groupe adjoint ze grënnen.
D’Myriam Gessner, fräiwëlleg Sekuristin mat enger grousser Erfarung, war déi ideal Persoun, fir dës Aufgab ze meeschteren. Zesummen hunn se de fantastesche Projet dee fréier vum Monsieur Henri Mousel geleet ginn ass, erfollegräich weidergefouert, an déi nei Erausfuerderunge gemeeschtert.
22 Joer EHTK, an en neie Chef
Ab dem Schouljoer 2020-2021 ass d’Madamm Pia Colling Heinricy den neie Chef de Groupe.
Chefs de groupe
Henri Mousel (1998 – 2014) | Jean-Louis Gindt (2014 – 2020) | Pia Colling Heinricy (2020 – ) |
---|---|---|
Chefs de groupe-adjoint
Enseignante:
- Gessner Myriam (2014-2021)
- Ternes Christophe (2021- )
Élèves:
- Delvaux Max (2014-2015)
- Kreins Pierre (2015-2016)
- Moreira Machado Anne Isabelle (2016-2017)
- Hadji-Minaglou Jonathan (2017-2019)
- Schengen Laurent (2019-2021)
- Straus Jana (2021- )
Weider Informatiounen:
» Brochür 20 Joer EHTK (Version française de l’histoire)
Annexes
Règlement d’ordre interne (extraits adaptés)
Art.11. Pour devenir membre actif du groupe « Éischt Hëllef Team Kolléisch », il faut :
– être élève à l’Athénée de Luxembourg ;
– avoir suivi avec succès un cours de premiers secours ;
– présenter une autorisation parentale au début de chaque année scolaire ;
– suivre les cours de formation à déterminer par le délégué à la sécurité de l’Athénée de Luxembourg (responsable dirigeant) ;
Art.12. Chaque membre actif du groupe « Éischt Hëllef Team Kolléisch » est obligé :
- de respecter le règlement d’ordre interne ;
- de fréquenter de façon régulière et ponctuelle les assemblées et les
cours de formation ; - d’être présent le plus rapidement possible lors d’interventions ;
- d’effectuer au moins deux heures de permanence par semaine
scolaire ; les élèves des classes de 2e et de 1re sont dispensés de cette obligation ; - de se conformer au Code de Déontologie (voir Code de la Santé) ;
Chapitre 3 – Infirmerie, permanence et interventions
Art.23. Les appareils récepteurs digitaux doivent être recueillis à la loge du concierge ;
Art.24. Au début de chaque permanence, le bon fonctionnement des appareils récepteurs digitaux (batterie, date, heure, …) est à contrôler par le secouriste ;
Art.25. Le message reçu est à effacer après l’intervention ;
Art.26. Le secouriste doit inscrire sur la liste déposée à la loge du concierge son nom, l’heure exacte (heure indiquée sur l’appareil récepteur digital) du début et de la fin de sa permanence ainsi que le numéro de l’appareil récepteur digital ;
Art.27. Un mauvais fonctionnement de l’appareil récepteur digital est à signaler immédiatement au Chef de groupe ;
Art.28. Chaque intervention est à inscrire soigneusement sous forme de rapport dans le registre informatique (programme d’intervention) ;
Art.29. Les secouristes doivent imprimer au moins deux attestations de présence :
Une pour le/la patient/e et une pour chaque secouriste impliqué afin de justifier les absences aux cours. Ces attestations doivent être signées par le Chef de groupe ou, le cas échéant, par un membre du comité ;
Art.30. Il est strictement interdit de révéler à des tiers les faits de caractère confidentiel selon le point 5. de l’Art.12. ;
Art.31. Tout secouriste doit respecter les prescriptions d’hygiène telles que le port obligatoire de gants, la désinfection des mains, … ;
Asazbericht: