Den EHTK mécht mat beim Télévie zu Hesper

 

televieCI-Hesper_LogoAn Zesummenaarbecht mam CI Hesper – First Responder huet den EHTK am Kader vum Centre de promesse Télévie zu Hesper eng MiniAnne-Formatioun fir all Leit ugebueden, déi Samschdes, de 25. Abrëll 2015 zu Hesper passéiert sinn.

De ganzen Dag, vun 9:00 bis 21:00 Auer, ware mer mat 5 Secouristen op der Plaz. Vill Erwuessener, Kanner a Jonker si laanscht komm an hu mat eis Häerzmassage a Beootme geléiert an den Ëmgang mat engem Defibrillator. Doriwwer eraus hu mer och de Leit gewisen, mat wat fir Grëffer, een e Bewosstlosen an d’Stabil Säitelag leet.

Déi Hesper Jugendpompjeeën hunn och déi Gester trainéiert, déi Liewe rette kënnen. An e ganz besonnesche Grupp war den HARLEY CLUB LETZEBUERG, déi all zesummen als Club d’MiniAnne reaniméiert hunn.

An um 19:00 war d’MiniAnne selbstverständlech och live bei der Scheckiwwerreechung mat derbäi.

E 7-järegt Meedchen huet geléiert, wéi een eng bewosstlos Persoun an Stabil Säitelag leet.

An dësem Video weist dëst Meedchen, datt een och scho mat 7 Joer dëse Geste beherrsche kann.


Him e ganz grousse Bravo!

Televie_2015_Hesper Televie_2015_hesper3 Televie_2015_hesper4 Televie_2015_hesper5
Televie_2015_Hesper2 Televie_2015_hesper6 Televie_2015_hesper11 Televie_2015_hesper10
Televie_2015_hesper9 Televie_2015_hesper8 Televie2015_hesper7 Televie_2015_Hesper_1