
Den 11. Mäerz 2015 krute 54 Schülerinnen a Schüler hiren Éischt Hëllef Diplom offiziell vum Här Luc Scheer iwwerreecht, Directeur des ressources humaines et de la communication vum Lëtzebuerger Roude Kräiz. Bei dëser Diplomiwwerreechung mat derbäi waren den Direkter Jos Salentiny, den Directeur-Adjoint Claude Heiser, d’Responsabele vum EHTK Myriam Gessner a Jean-Louis Gindt, den Henri Mousel, chef de groupe honoraire vum EHTK, Vertrieder vun de Parents d’élèves (APEAL), vun den Anciens (AAA) a vun de Professeren.
Vun dëse 54 Schüler hunn der 11 nach eng weider intern Formatioun matgemaach a goufe bei dëser Geleeënheet als nei aktiv Membere vum Éischt Hëllef Team Kolléisch opgeholl, dee mat hinnen elo 48 Aktiver zielt.
Den EHTK huet dës Geleeënheet genotzt, fir dem Dick Mousel personaliséiert Lafschlappen ze schenken, déi hien a senger wuel verdéngter Pensioun sécher gutt notze wäert.
Kuckt och op mywort.lu an am LW vum 14. Abrëll 2015 (mywort-zentrum): 54 Schüler kréien en Diplom. Eischt-Hëllef-Team Kolléisch konnt eelef nei Memberen ophuelen.

