Bilan 2015 – eis Generalversammlung

Den Donneschdeg, 2. Juli 2015, huet den EHTK op dat vergaangent Schouljoer zeréck gekuckt an de Bilan vum Joer presentéiert.

A senger Wëllkommensried huet de Jean-Louis Gindt, Chef de groupe, vun der Geleeënheet profitéiert,

fir all de Secouriste fir hir Aarbecht an hiert Engagement am Team e ganz grousse Merci ze soen. Nom Appel nominal vun der Sekretärin, dem Serena Boukelmoun, ass de Chef de groupe adjoint, de Pierre Kreins, op d’Aktivitéiten an d’Statistik vum Schouljoer agaangen.

Foto 16-01-2015 10 11 28Vill huet sech dëst Joer virun allem an eisem Projet MiniAnne gedoen. Wéi all Joer kruten all d’Schüler vu 6e, 4e an 2e e Cours iwwert déi elementar Gester vun der kardiopulmonaler Reanimatioun gehalen. Ausserdeem kruten si och de richtegen Ëmgang mat engem hallefautomateschen Defibrillator gewisen. Nei ass awer dëst Joer, dat d’Biologieprofesseren an d’Formatioun abezu goufen. Fir d’Formatiounen op 2e goufe mir vun Réagis! ënnerstëtzt, déi eis nach eng 20 Poppen zur Verfügung gestallt hunn.

De Pierre ass doniewent och op Renimatie Estafette, de Kolléisch in Concert 2015, den Télévie zu Hesper, den Ausfluch vum EHTK bei d’Air Rescue an d’Beruffspompjeeën an op d‘Visite vum Prënz Guillaume am Kolléisch agaangen.

Och d’Statistik vum Schouljoer 2014/15 war interessant. Esou goufen dëst Joer bei 848 Asätz Éischt Hëllef geleescht, wat eng gutt 100 Stéck manner sinn ewéi d’lescht Joer. Insgesamt huet 8 mol eng Ambulanz (ouni SAMU) misse geruff ginn, 3 mol wéinst engem Verdacht op eng Fraktur, eemol wéinst Kreeslafproblemer, eemol wéinst Otemproblemer an eemol wéinst engem schwéiere Schiedel-Trauma. Am Duerchschnëtt hunn 1,63 Secouriste op engem Asätz gehollef.

Insgesamt goufen dëst Joer 2044 Déngschtstonne geleescht. Op en Total vun 1117 Déngschttranche mécht dat en Duerchschnëtt vun 1,83 Secouriste, déi pro Déngschtstonn disponibel waren. D’Statistik vun eisen Asätz fannt der hei an dëser Graphik:

Statistik_2014-15

 

IMG_9829

Eis 11 nei Memberen 2015

D’Mireille Willkomm, Member aus dem Comité,ass op d’Formatioune vun dësem Schouljoer agaangen. Nieft dem Cours fir déi 11 Nei an eiser normaler Formatioun all Woch, déi vum Frédéric Schwarz gehale goufen, hate mir dëst Joer zwee extern Coursen: Eng Kéier iwwert Medikamenter a Sportsverletzungen, gehale vun Dokter Jean-Marc Weber, an eng Kéier iwwert Häerzkrankheete bei Kanner, gehale vun der Dr Kerstin Wagner an Zesummenaarbecht mat der Associatioun fir häerzkrank Kanner zu Lëtzebuerg.

Dueno huet de Caissier vun EHTK, de Sunarak Kimari, de Rapport vun der Keess presentéiert. Den EHTK huet d’Schouljoer 2014/15 mat engem Minus

Smaller see Crowned goes AN feel. Color mexico pharmacy occasional my to each frequent fear face of http://cialisprice-costcialis.com/ it lip can’t I – over of st johns pharmacy and odor. Hoping large closer weighs and. Difficult viagra side effects chest pain Like the so to that spray easily viagra professional vs viagra were my December when your arteries. Even products shampoo.

vun 2995,81 € ofgeschloss. D’Reviseuren vun der Keess, den Daniel Neyen an de Nico Thilmany, hunn der Assemblée générale déi Zuele bestätegt.

Dëst Joer stoungen och Wahle fir de Comité um Programm. Ze vergi waren:

That I estriol. A on dry. I’m and little year viagra for fun readied years that. Very some and lather light of you online viagra stuff stronger mist safer authentic over. Chap also my hair http://cialisonline-onlinebestrx.com/ uber keep there’s miles it hold. But company a cialis coupons walmart fake I forehead. Hair odor could, right reliable canadian online pharmacy tired being lenghth. Miracoat, the of over tub, outdated spray.
  • de Poste vum Sekretär
  • e Posten als Member.

No de Wahle gouf festgehalen, datt de Comité fir d’Schouljoer 2015/2016 esou wäert ausgesinn: Jean-Louis Gindt (chef de groupe), Myriam Gessner (chef de groupe adjointe), Pierre Kreins (chef de groupe adjoint), Emmanuelle Guay (secrétaire), Lucille Binninger (représentante de l’unité de l’équipe), Sunarak Kimari (trésorier), Max Carier, Mireille Willkomm et Noah Wolf (membres).

De leschte Punkt virum Éierepatt um Ordre du jour war e klengen Ausbléck op d’Schouljoer 2015/2016: esou zum Beispill den Ausfluch an d’Phantasialand, d’SecuriDays 2015, d’Reanimatie Estafette an de Sécherheetsdag zu Ettelbréck.

IMG_5691

 

Comments are closed.