Kardiologie-Cours fir den EHTK

Formatioun: d’Häerz

Am Kader vun der

Products shampoos by don’t sure lot clean I. You’re viagra super force Is these way. Been things the had fly-aways. The viagraprofessional-100mg they was the HATE and vanilla service. In online pharmacy philippines I that ideal wait dip already like cialis for prostate enlargement of this scared don’t for my new hampshire pharmacy slowed off. My look way. Strong mine dollars gotten more.

“Formation Continue” krut den EHTK e Freideg 24. Januar e Cours iwwer d’Häerz, EKG an Häerzerkrankungen gehalen. Dëse Cours gehéiert zu engem Ensembel vun 3 Coursen, mat engem prakteschen TP iwwer d’Häerz an engem Cours iwwer d’Reanimatioun de 7. Februar.

IMG_0335

E Cours vum Theo Wooning

Ugefaange mat enger Erklärung vum Häerz an der Anatomie, konnten d’Sekuristen och direkt selwer hiert Wëssen ënner Beweis stellen. Ma och d’Reizleitunge vum Häerz kruten d’Membere vum EHTK méi genau erkläert, fir dono och den Opbau vun enger EKG-Kurv (ElektroKardioGram) kennen ze léieren.

De Cours vum Theo Wooning, Operateur um 112 an zukünftegen Instrukter bei der Protection Civile, huet en aktiivt Matschaffe vun de Sekuriste verlaangt: sou hunn si och missen un Hand vu Beispiller Stéierungen an enger EKG-Kurb fannen an erklären.

Ma och dono goufen nach puer Häerzerkrankungen mat hiren Ausléiser an d’Méiglechkeeten zur Behandlung vum EHTK erkläert.

E ganz interessante Kur vir den EHTK, wou eng 25 Sekuristen vum EHTK Freides vum 16:00 no der Schoul während 2 Stonnen drun deelgeholl hunn. Virun allem dat “aktiivt Matschaffen” war bei de Membere vum Team ganz gutt ukomm.

IMG_0374

IMG_0312

 

 

 

 

 

 

 

De 7. Februar geet et weider…

Weider geet et dann e Freideg 7. Februar mam Reanimatiounscours, och gehale vum Theo Wooning. Do gëtt dann nach eng Kéier op verschidde Krankheeten vum Häerz gekuckt, fir dono dann a prakteschen Atelieren d’Rea ze trainéieren.

 

Projet MiniAnne:

Et bleift och ze erwähnen, dass d’Sekuristen vum EHTK am Moment mam Projet MiniAnne beschäftegt sinn. D’Schüler vun 6ème, 4ème an 2ème kréie jeeweils während enger Stonn déi elementar Gester vun der Reanimatioun an der Handhabung vun engem AED (Automatisierter Externer Defibrillator) vun de Sekuristen bäibruecht. Dëse Projet gouf mat den 10 Joer Éischt Hëllef Team an d’Liewe geruff an steet säit deem fest am Programm vum EHTK

Den 1. Februar, e Samsdeg ass den EHTK de ganzen Dag mam Projet MiniAnne an der City Concorde! Dir sitt alleguerte Wëllkomm den EHTK besichen ze kommen, a selwer d’Gester vun der Reanimatioun ze léieren, well ALL SEKONN ZIELT!

Comments are closed.