EHTK goes City Concorde!
E Samschdeg 1. Februar 2014 war d’Éischt Hëllef Team Kolléisch mam Projet “MiniAnne” am City Concorde vertrueden. De ganzen Dag iwwer haten d’Visiteure vun der City Concorde d’Méiglechkeet déi wichteg Gester vun der Reanimatioun ze léieren, fir se am Noutfall kënnen unzewennen.
E Projet fir Grouss a Kleng

Beim MiniAnne handelt et sech ëm eng Popp, un där d’Gester vun enger Reanimatioun kënne geléiert ginn. Ma ugefaange gëtt mat eppes anescht. “Fir d’éischt kréien d’Leit gewisen, wéi een erkennt op eng Persoun nëmme bewosstlos ass, oder bp et sech ëm en Häerzstëllstand handelt. Dann kréien d’Leit erkläert wéi eng Broschtkompressioun an eng Beootmung funktionéiert. Fir eis Formatioun ofzeschléisse kennt nach den Ëmgang mam Defibrillator an d’stabil Säitelag derbäi”, sou d’Serena Boukelmoun.
Och den Direkter vum Kolléisch, de Joseph Salentiny huet et sech net huele gelooss, seng Schüler ze ënnerstëtzen, an säin Wëssen an der Reanimatioun nach eng Kéier opzefrëschen. “Merci fir ären Engagement och ausserhalb der Schoul. Dat ass eng Supper Saach”, esou den Direkter.
Alles an allem sinn d’Sekuriste vum EHTK méi wéi zefridde mam Dag an der City Concorde. Net nëmmen hate si vill Spaass, an hunn den Dag mat “cool”, “super”, “huet richteg Spaass gemaach, ass mol eppes aneschters” kommentéiert, ma virun allem hu si sech iwwert de groussen Interessi vun de Leit gefreet, déi et sech net huele gelooss hunn d’Reanimatioun ze léieren, fir am Noutfall och Liewen ze retten! “Zäitweis waren esou guer keng Poppe méi fräi”, sou de Max Carier; “an d’Leit stoungen deelweis an der Schlaang fir och eng Kéier kënnen ze üben”.
Et bleift also ze soen bis hoffentlech geschwënn erëm, fir dass nach méi Leit un Hand vun der MiniAnne kënne mat der Reanimatioun ausgebilt ginn.
Weider Fotoe fannt der och op eiser Facebook-Säit
Intresséiert?
Loosst Iech et net huelen, och en Éischt Hëllef Cours matzemaachen, fir kënnen am Noutfall anzegräifen.
Méi Infoen kritt dir op 112.lu oder bei der Croix Rouge.
Et sinn net nëmme Gester an Zuelen…

“Et war e Mann hei, dee sot seng Fra hat en Häerzstëllstand gemaach, leider ass keng Éischt Hëllef geleescht ginn an d’Fra huet net iwwerlieft. Dofir huet de Mann eisen Engagement gelueft an dono dann och selwer Hand ugepak an sech un der “Rea” geübt”, erzielt d’Mireille Willkomm.
Am Noutfall gëllt:
– Uspriechen, Bols/ Ootmung kontrolléieren
– net uspriechbar, awer Ootmung –> Stabil Säitelag an 112 uruffen!
– Keng Ootmung?
1) Noutruff: den 112 uruffen
2) Uewerkierper fräi maachen
3) ëmmer ofwiesselnd 30 Broschtkompressiounen, 2 Beootmungen (wann een net beootme kann, dann d’Beootmung ewech loossen)
4) Eng aner Persoun en Defibrillator siche schécken!
Fir den EHTK am Asaz waren nieft dem Chef de Groupe, Henri Mousel a Jean-Louis Gindt, folgend Sekuristen: Anne, Natalia, Serena, Max C., Max K., Pierre, Julie G., Sunny, Mireille, Frank, Frédéric, Noah, Paul…..
EHTK GOES CITY CONCORDE – DE VIDEO!








