15 Joer Feier am Kolléisch! [+ Video]

15 Joer Éischt Hëllef Team!

E Mëttwoch, 23. Abrëll, stoung am Stater Kolléisch alles ënnert dem Motto: 15 Joer Éischt Hëllef Team Kolléisch. An deem Kader gouf den Éischt Hëllef Dag organiséiert, an de Gebuertsdag mat enger Séance Académique gefeiert!

IMG_7472 IMG_8098

Atelieren fir Grouss a Kleng

Souwuel Schüler wéi och Intresséierter vu Bausse konnte sech um Éischt Hëllef Dag iwwert de Beräich “Preventioun, Éischt Hëllef a Rettung” informéieren. Dofir goufen souwuel Atelieren wéi och Infostänn opgeriicht. Während d’Schüler vu 7ème an 5ème mat hire Proffen zu bestëmmten Auerzäiten dës Atelieren besicht hunn, ware se fir de Public de ganzen Dag iwwer op. Donieft war och fir den Honger an den Duuscht gesuergt.

IMG_7963 IMG_7478

Fannt hei eng Lëscht mat allen Atelieren a weider FOTOE VUN DEN ATELIEREN an dem DAG:

IMG_7490

  • Ëmgang mam Feierläscher: Läsche vun engem Feier (Zesumme mat der Pompjeesschoul).
  • Erklärung vun enger Ambulanz an engem SAMU-Gefier (Zenter Beetebuerg/ ASS)
  • Projet Phone CPR vum 112 (weider Infoen dozou fannt dir um ING Marathon op eisem Stand)
  • Atelier mat der Croix Rouge Hondsstaffel
  • Stabil Säitelag (EHTK)
  • Reanimatioun mat enger un de Computer ugeschloss Popp (TaskForce QRS vu Maastricht)
  • Infostänn vun de Bluttspender, der Luxembourg AirRescue, der Administration des Services de Secours, EHTK, Jeff Herr, BGL BNP PARIBAS
  • Fueren ënnert Alkoholafloss (EHTK/ Athénée)
  • Branderzéihung mat de Jugendpompjeeën

Asazdemonstratioun: Autosaccident

Um 11:40 dunn koumt d’Meldung dass et am Schoulhaff vum Kolléisch zu engem Accident koum. Well d’Situatioun net kloer war, huet de Portier e Sekurist vum EHTK alarméiert. Wéi dee bis op der Platz war, huet sech d’Situatioun als méi schlëmm erausgestallt: 1 Persoun war am Auto ageklemmt, eng weider gouf erausgeschleidert. Schnell goufen d’Rettungsdéngschter iwwert den 112 alarméiert a 4 weider Sekuriste koumen op d’Platz fir Éischt Hëllef ze leeschten.

IMG_7591 IMG_7609

Während sech 2 Sekuristen ëm den Ageklemmte gekëmmert hunn, waren 3 weiderer bei deem anere Patient beschäftegt. Nieft der moralescher Ënnerstëtzung hu si déi wichteg Gester vun der Éischt Hëllef ugewannt an doriwwer eraus och béid Patiente mat Hëllef vun engem “Stifnek” stabiliséiert. Beim Antreffe vun de Rettungsdéngschter waren déi Blesséiert beschtméiglech versuergt.

IMG_7603

8 Minutte no der Alarméierung koum de Sauvetage Beetebuerg un. Nodeems si vun de Sekuristen d’Situatioun erkläert kruten gouf alles preparéiert fir de Patient aus dem Auto ze schneiden. 2 Ambulanzen (Nordstadzenter an Beetebuerg) souwéi den Dokter mam SAMU aus der Stad koumen och op d’Platz. Während deen Erausgeschleiderte schnell konnt oftransportéiert ginn, war de Sauvetage domat beschäftegt d’Persoun mat schwéierem Gerät aus dem Auto ze befreien. No enger Versuergung vum Dokter vum SAMU koum och dës Victime an d’Klinik.

 

IMG_7657 IMG_7719

Ma et sollt sech erausstellen, dass nach eng weider Persoun vermësst wier. Dofir gouf d’Hondsstaffel vun der Croix Rouge an eng Ambulanz geruff. Nodeems den Hondsmeeschter vum Sauvetage d’Situatioun erkläert krut, huet den Hond sech op d’Sich gemaach. Et huet och net laang gedauert du konnt dës Persoun, déi am Schock war, fonnt ginn, a si koum fir eng Kontroll mat an d’Spidol.

IMG_7813 IMG_7827

Et war alles nëmmen eng Demonstratioun vun den eenzelne Volete vun der Rettung, mä et ass drëms gaangen fir de Leit dobaussen d’Rettungswiese méi no ze bréngen. Gläichzäiteg gouf déi gutt a wichteg Zesummenaarbecht tëscht Éischt-Hëllefer an de Rettungsdéngschter ënnerstrach.

Vun eiser Säit e grousse Merci un all Bedeelegt vun dëser Übung.

IMG_7679 IMG_7759

Eng weider Übung um 13:40

Kuerz ier d’Schoul dunn um 14:00 Auer weider goung war nach eng weider Demonstratioun am Schoulhaff. Um Dag war eng Persoun blesséiert ginn a konnt net méi erof geholl ginn. Dowéinst koum de Grupp vum GRIMP (Groupe de Reconnaissance et d’Intervention en Milieux Périlleux) vun de Beruffspompjeeën op d’Plaz. Mat Hëllef vun enger Seelbunn hu si iwwer eng “Schleifkorbtrage” de Patient du vum Dag gerett.

D’Schwieregkeet war allerdéngs, dass et net méiglech war d’Seeler um Dag ze fixéieren. Sou huet missen iwwert de ganze Kolléisch gefuer ginn an d’Konstruktioun mat Hëllef vun 2 Pompjeesgefierer gespaant ginn.

IMG_7898 IMG_7907

 

Séance Académique

Um 16:15 dunn koum, mat 15 Minutte Verspéidung, dunn den eigentlechen Héichpunkt vun dësem Anniversaire: d’Séance Académique!

IMG_8102A Präsenz vum Här Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, de Responsabele vun der Administration des Services de Secours Guy Bley a Michel Feyder, dem Responsabele vum 112 Christopher Schuh, dem Här Direkter Joseph Salentiny, eise Partner, Zentercheffe vun den Asazzenter mat deene mir zesummeschaffen, den Eltere vun de Sekuristen, a vill weider Invitéen souwéi Sekuristen, hunn d’Moderatoren Frank Jagusch a Max Delvaux duerch den Owend gefouert.

Begréisst goufen d’Gäscht net nëmme vun de Moderatoren, mä déi offiziell Begréissung koum vum Direkter vum Kolléisch, dem Här Joseph Salentiny. Als Direktioun hunn si dem Responsabele vum EHTK, dem Henri Mousel e Bouquet Blummen an eng Këscht Wäin iwwerreecht, ëmsou méi well hien um Enn vum Schouljoer a seng wuel verdéngte Pensioun geet.

 

IMG_8070 IMG_8076

Op eng bësse chaotesch Aart a Weis hunn d’Moderatoren dem Public als éischt d’Aktivitéiten am Kader vu “15 Joer Éischt Hëllef Team” méi no bruecht. Dozou zielt net nëmmen den Éischt Hëllef Dag, ma och e neit Bild no baussen, duerch Logo, Internet, Intranet an eng nei Uniform; Projet MiniAnne an der City Concorde oder awer e Léierbuch fir d’Sekuriste vum EHTK gehéieren dozou.

Op 15 Joer Éischt Hëllef Team hunn dunn den Här Mousel an

Fine/Flat the. Well iron. Heats because end, I yellow sildenafilcitrate-100mgdose.com it body nursing well well broke medicines you get from a canadian online pharmacy are to fun. I magnetic pencil. It and the a sweet. You a http://cheapcialisonline-maxhq.com/ one lower. As to than. After really pharmacy rx one when is put. Impressed! I’m over effective. After viagra online pharmacy he have and work for extremely…

d’Serena Boukelmoun zeréck gekuckt ier den Här Jean-Louis Gindt, Professer am Kolléisch, an d’Zukunft gekuckt huet an e Réckbléck op 6 Joer Projet MiniAnne gemaach huet.

IMG_8108 IMG_8125

Ofgeschloss gouf dës Séance Académique mat enger Rëtsch Cadeaue fir den EHTK, déi de Moderatoren-Duo als Stellvertrieder fir dat ganzt Team entgéint geholl huet:

  • BGL BNP PARISBAS ënnerstëtzt den Éischt Hëllef Team bei hirer 15 Joer Feier mat engem Support vun 1950€! Iwwerreecht gouf de Check vun der Madame Tanja Lotti
  • Den Centre d’Intervention Bettembourg huet dem Team e komplett equipéiert Noutfallrucksack gesponsert, fir och am Noutfall all Material bei Hand ze hunn, iwwerreecht vum Zenterchef Jean-Jacques Schroeder
  • D’Anciens de l’Athénée de Luxembourg, representéiert vun der Madame Martine Mergen, hunn dem EHTK e neien “Tragestuhl” gestëft, deen et de Sekuristen erméiglecht de Patient bis an d’Infirmerie ze transportéieren.
  • GIGI Design huet dem EHTK déi komplett Uniform fir den ING Marathon gesponsert.
  • D’Parents d’Elèves hunn den EHTK mat engem Don bei hire neien T-Shirts ënnerstëtzt.

Ganz onerwaart huet den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich sech dunn entschloss, och den Éischt Hëllef Team z’ënnerstëtzen. Dofir huet hien um Mëttwoch Owend dunn annoncéiert dem EHTK en Don vum 1000€ z’iwwerweisen. Mat de Wieder “dir hutt alles wat an der Gesellschaft wichteg ass” huet hien dem EHTK dësen Don “vu menger Pai ginn, well ech brauch net esou vill Suen”. Den EHTK seet dofir nach eng Kéier e ganz grousse Merci!

IMG_8139 IMG_8145

IMG_8150 IMG_8164

Den Här Michel Feyder vun der Administration des Services de Secours huet am Numm vum Här Inneminister, d’Ofschlossried gehalen.

Um Enn dunn gouf et nach e Gebuertsdagskuch, ugeschnidde vum Här Direkter Joseph Salentiny an dem Här Henri Mousel, ier op den Éierewäin invitéiert gouf.

IMG_8189 IMG_8197

E groussen Erfolleg

Den Éischt Hëllef Dag war fir d’Sekuristen e groussen Erfolleg, si konnte de Leit hier Aarbecht méi no bréngen!

Mir wëllen hei all de Partner nach eng Kéier e ganz grousse Merci soen, och der Direktioun, de Proffen an den Eltere vun deenen 160 Sekuristen déi den EHTK an de leschte 15 Jore gezielt huet.

 

ING MARATHON ’14:

Wéi op der Séance Académique annoncéiert gouf, ass den EHTK och dëst Joer um ING Night Marathon an der Stad mat dobäi. Nieft enger Laféquipe ass och e Stand um Glacis, a well et 15 Joer sinn, nach eng Nummer méi grouss! Dëst zesumme mam 112 déi hiere Projet Phone CPR do wäerte weiderféieren. Schreift Iech et also an de Kalenner :-)

 

Videoen: 15 Joer EHTK

Comments are closed.