ING Marathon 2013

EHTK goes ING Marathon 2013

Den 8. Juni 2013 war den ING Marathon an der Staat, wou och d’Eischt Hëllef Team präsent war. Nieft engem Stand an der Groussgaass, hu 15 Sekuristen an der LuxExpo eng Hand mat ugepaak, an 4 Stéck hunn um traditionellen “TeamRun” deelgeholl.

Et war e ganz spezielle Projet fir d’Eischt Hëllef Team, e Stand um ING Marathon organiséieren. Schnell ware se sech eenz, dass et keen einfachen a normale Stand sollt ginn, hieren Iess- a Gedrénksstand sollt opfaalen. An dofir hu si sech eppes besonneges afaale geloos.

Zesumme mat hierem Partner SOUNDSELECTION hu si e Stand op 2 Etagen opgebaut. E Stand deen direkt opgefall ass, an, e Stand dee vill an de Medie present war.

Während ennen de Comptoir an d’Kees war, konnte sech d’Sekuristen op der 1. Etage ausrouen, an den Dänzer nokucken. Ma et gouf och géint den Honger ugekämpft. Nieft Gegrilltem hunn d’Sekuristen och Gaufre verkaf.

Mat hierem flotte Stand hu si fir eng besonneg Atmosphär an der Groussgaass gesuergt, dëst net nemmen duerch d’Musik an d’Beliichtung, och einfach duerch hier Motivatioun an den Engagement.

Als klenge Supplément hunn si en inofficielle Poste de Secours opgemach, fir am Noutfall kennen Eischt Hëllef ze leeschten.

Och Réckbléckend kann een soen, dass desen éischte Marathon fir d’Team e groussen Erfolleg war, wou net de Bénéfice un éischter Stell stoung, mä d’Reklamm fir Eischt Hëllef a Rettungsdéngschter, wat zesumme mat hiere Partner ASS a CIBETT och gudd geklappt huet.

E groussen Erfolleg, sou dass och 2014 d’EHTK secher um ING Marathon wäert sinn.​

      

 

TeamRun – d’EHTK leeft mat

Well et beim ING Marathon awer em d’Laafe geet, huet sech d’Eischt Hëllef Team aus dem Kolléisch dofir entschloss, och matzelaafen.

4 Sekuristen hunn um sougenannten “TeamRun”, also de Staffellaf, deelgeholl. Iwwert déi voll Distanz hu si gudd matgehalen, a kennen um Enn stolz op hier Leeschtung sinn.

Den éischten Deel huet de Max Kayser gudd ugefangen an war och schnell um Wiesselpunkt, wou d’Elisabeth Felten scho gewaart huet. Och hat ass schnell weider gelaaf, a wéi et duerch d’Groussgaass gelaf ass, stoungen d’Sekuriste prett, fir hat unzefeieren.

No nächste Wiessel war et um Nita Bokomba, wat och an der Liichtatletik scho puer Erfolleger feiere konnt. De leschten Deel, iwwert de Kierchbierg rop an d’LuxExpo ass dunn vum Frank Jagusch gelaaf ginn: “Et war net einfach, mä ech laafe gäer de Bierg erop, dofir war desen Deel perfekt fir mech”.

An och d’Resultat ka sech weise loosen:

Vu 672 Teamer huet d’Eischt Hëllef Team déi ganz gudd 160. Platz belouscht.

Mat enger Zäit vun 3:53:50 sinn si an enger excellenter Zäit gelaf, an hu sou munch Erwaardungen iwwertraff.

Och vun eiser Säit eis Félicitatiounen un di 4 Sekuriste vir hieren Asaz!

 

LuxExpo – d’EHTK hëlleft mat

A suguer op der Arrivée hu 15 Sekuriste vum EHTK eng Hand mat ugepaak. No hierem laangen an ustrengende Laf goufen d’Leefer vu Leit aus dem EHTK empfangen an ennerstetzt.

Nieft Gedrénks an Iesse, kruute si och félicitéiert, dass si de Laf gepackt hunn.

 

Press – d’EHTK schwätzt mat:

Duerch de Stand huet d’Eischt Hëllef Team op sech opmierksam gemach. Nieft Reklamm iwwer Facebook, war och d’Presse un hierem Projet intresséiert:

  • Reportage am Journal op RTL Télé iwwwert de Stand
  • Reportage um RTL Radio direkt nom Owesjournal mam Max Delvaux
  • Reportage um ELDO Radio iwwert de ganzen Dag mam Max Kayser
  • Artikel op ELDO.LU
  • Artikel am Lëtzebuerger Wort
  • Artikel op CIBETT.LU

 

 

Comments are closed.