Formatioun CIBETT an 112

Formatioun CIBETT an 112:

Am Kader vun der Formation continue hunn en Deel vun de Sekuriste vum EHTK leschten Dënchdeg hannert d’Kulisse vun der Zentral vum 112 zu Gasprech gekuckt, an awer och sech den Asazzenter Beeteburg ugekuckt.

Senn an Zwéck vun deser Formatioun war et, fir dass d’Sekuriste kenne léieren, wéi et an engem Zenter ofleeft, an wat alles geschitt bis eng Ambulanz op der Platz ass.

Um 9 Auer hu sech d’Sekuristen, an 2 Gruppen opgedeelt, op de Wee gema, fir sech weiderzebilden. Déi eng sinn fir d’Eischt bei den 112 gangen, déi aner

als 1. an den Asazzenter Beetebuerg.

884578_305931966200433_2017763185_o 891870_305931009533862_677545157_o 892965_305931259533837_1117959878_o

Um 112 kruuten eis Sekuristen vum Théo Wooning de Fonktionnement vun der Zentral am Detail erkläert. Dono haate si dann och d’Méiglechkeet d’Zentral ze gesinn a kruute gewissen, wat geschitt wann een op den 112 urifft.

Zäitgläich kruuten déi aner Sekuristen am CIBETT de Fonktionnement vun engem Zenter erkläert, befir si an enger Visite guidée vum

Alain Schmit, an herno Pol Schroeder, den Zenter an haaptsächlech d’Gefirer gewise kruuten.

Fir Metteg hunn se sech all am beetebuerger Zenter getraff fir ze iessen. Ma virdrun haten si all d’Méiglechkeet mam Steiger (TMF 23-12) eng Kéier d’Loft op 30Meter Héicht ze genéissen.

E weideren Highlight war d’läsche vu Feier mat hëllef vum Firetrainer. Mat Waaserläscher duerften d’Sekuristen e simuléiert Feier läschen, an dono och eng Kéier mam Schnellugreff vum Tankwoon (STLF 5000) mat Schaum “spillen”.

E grousse Merci geet un dëser Säit un déi Responsabel vum 112 a vum CIBETT, spéziell un den Théo Wooning, Alain Schmit, Paul Schroeder, Sam Brixius an eise Sekurist Max Delvaux, deen d’Formatioun organiséier huet.

 

894583_305931349533828_1316142204_o 884360_305931802867116_1564827907_o 892254_305932002867096_599378863_o

Comments are closed.