Eis Aktivitéiten am Iwwerbléck

EHTK 2017

D’Team am Januar 2017

 

 

 

 

Eis Aktivitéiten

2016-2017

 

  • 15. Juli
    Hëllef als Victime bei der Ofschlossübung vun den Zenteren Bungeref a Reiden zu Kietscht (Koetschette) an der Primärschoul.
  • 11. Juli – Kanner aus dem Cycle 4.2 vu Fréiseng léiere Reanimatioun mam EHTK
  • 7. Juli – EHTK-Ausfluch
  • 5. Juli 16:00 – AG EHTK
  • 27. Mee – ING-Night-Marathon
    Den EHTK mécht wéi d’lescht Joer beim ING-Night-Marathon mat am Kader vum réagis!-Programm “First Responder”.
    Niewend den 10 Secouristen aus dem EHTK, dem  Baeckelmans Jonathan,  Kohlrausch Artur, Santos Cardoso Joana, Binninger Lucille, Toularhmine Zaki, Hadji-Minaglou Jonathan, Carier Max, Kent Jorden, Boukelmoun Serena an Gianchandani Nathan sinn och 4 Secouriste vun der éischt Hëffef Equipe aus dem LGL derbäi: Hanin Louise, Schulze Tom, Richard Catherine an Dengler Louis. Betreit ginn si vum Myriam Gessner, JL Gindt an dem Carlo Clarens vun der LRC.
  • 14. Mee – Kannerklinik
    Den EHTK ass mat sengem MiniAnne-Stand bei der Porte Ouverte an der Kannerklinik present.
    Eist Team war vertrueden duerch: Serena Bou, Simran, Jasmin, Rémi, Guillaume, Arthur, Serena Be, Nathan, Joana, Yulang, Myriam Gessner a JL Gindt. Méi och op eisem facebook

    18422780_1183535918440029_8500660765138893222_o Image-3 Bettel 18449255_1183536151773339_9090297062962197768_o
  • 13. Mee 9:30 a 16. Mee 18:30 – Portes Ouvertes
    Virstellung vum EHTK bei der Porte Ouverte am Kolléisch mat aktualiséiertem EHTK-Flyer
  • 24. Abrëll – 5. Mee
    MiniAnne Formatiounen op der 6e a 4e
  • Eis Infirmerie am renovéierte Kolléisch.

    Eis Infirmerie am renovéierte Kolléisch.

    24. Abrëll – Aweiung vum Kolléisch
    Den EHTK garantéiert bei der Aweiung vum Kolléisch net nëmmen déi néideg Sécherheet, mä ass mam ganzen Team present fir eng Hand mat unzepaken.

  • 22. Abrëll
    CISETT “Är Sécherheet – eisen Job”. Den EHTK ass mat sengem MiniAnne-Stand zu Ettelbréck present.
  • 5. Abrëll 10:00- 11:00
    Formatioun fir d’MiniAnne-Formateuren
  • 20170403_103757b3. Abrëll 2017 – Formatioun De Widong
    Notfälle im schulischen Alltag 18 Secouristen hunn un dëser besonnesch interessanter a praxisorientéierter Formatioun deelgeholl: Yulang L, Chiara S, Séréna Bo, Max C, Nathan G, Korden K, Zaki T, Isabelle G, Artur K, Petra R, Lori L, Laurent S, Guillaume K, Serena Be, Max R, Jella W, Myriam Gessner a J-L Gindt. De Bericht vun dëser Formatioun.
  • 31. Mäerz – AL Charity Run
  • 11. Mäerz – Porte Ouverte IB
    KIC_20170215
    Virstelle vum EHTK duerch d’Jorden Kent
  • 13.- 16. Februar – KIC
    Permanence bei Kolléisch in Concert
  • 9. Februar – 16:00 – 18:00
    Am Kannernascht vun der ASTI léieren d’Kanner Basisgester vun der Éischter Hëllef mam EHTK
  • 1. Februar 2017 – Diplomiwwerreechung
    nei_20171HellefCours_2016Diplomiwwereechung un déi 42 Schülerinnen a Schüler an 2 Membere vum personnel technique, déi mat Succès den Éischt Hëllef Cours gepackt hunn an offiziell Opnam vun de 15 EHTK-Stagiairen zu neien aktive Membere vum Team.
    Mer soen dem Här Scheer vum Roude Kräiz, dem Instrukter Theo Wooning, eisem Direkter Jos Salentiny, dem Éiregruppechef Henri Mousel an dem Carlo Clarens Merci fir hir Presenz.
    Artikel op mywort
  • 24. – 25. Januar
    Test fir eis Stagiairen
  • 14. Januar
    D’MiniAnne am Asaz och am cours de rappel premiers secours bei der FLASSA. Liest den Artikel.
  • 12. Januar 2017 – MiniAnne-Formatioun fir eis 2es an der Sportshal
  • 21. Dezember 2016 – 5ième journée nationale de la santé scolaire
    Luxembourg-Dommeldange am Alvisse Parc Hotel
  • 20161217_211813 20161216_205559_2Woch vum 19. Dezember
    Mer plënneren eis Infirmerie an déi nei Infirmerie am renovéierte Gebai.
  • 16. Dezember 2016 – Chrëschtfeier
    Vun 18:30 bis 22:00 Auer an der Mezzanine
    méi op eisem FB
  • 13. Dezember
    RTL Live! Planet People:
    D’Sendung iwwer den Häerzstëllstand mam Carlo Clarens, Dr Jean Uhrig a Carlo Schwartz gräift op Videomaterial vum EHTK zeréck.
  • 16. November – Anne-Isabelle Moreira Machado, nei Chef adjointe vum EHTK
    Pierre_Isabelle_20161116_125144

    De Pierre gëtt dem Isabelle säi Piipser.

    De Pierre Kreins huet, fir sech voll op d’Première konzentréieren ze kënnen, seng Charge als Adjoint vum EHTK un d’Anne-Isabelle Moreira Machado iwwerginn. Dem Pierre e ganz grousse Merci fir säin onermiddlechen Asaz an der Infirmerie, am Team an als Programmeur vun eisem Intranet.
    D’Isabelle koum d’lescht Schouljoer an d’Team, huet sech ganz séier gutt ageschafft an ass an der Formatioun vun eise Secouristen aktiv. D’Isabelle ass op der 2e an iwwerhëlt dës Charge bis d’Enn vum Schouljoer.

  • 24. Oktober – 15 Stagiairen am EHTK
    Dëst Joer hu sech 15 Jonker gemellt fir aktiv Memberen am EHTK ze ginn. Se hunn, niewent dem Éischt Hëllef Cours och déi spezifesch EHTK-Formatioun ugefaang a wäerten Ufank vum 2. Trimester als aktiv Secouristen am EHTK aktiv kënne ginn.Responsabel fir d’Formatioun vun eise Stagiairen sinn d’Myriam Gessner an d’Secouristen Isabelle Moreira Machado, Yulang Lepcha, Isabelle Gross, Jorden Kent a Petra Radusi.
  • LRC_RestartaHeartDay_201618. Oktober 2016 European Restart a Heart Day
    Den EHTK ënnerstëtzt d’LRC bei der Formatioun vu Jonker aus dem LAML, LMRL, ECG a LHCE am Forum Geesseknäppchen. Eng 350 Schüler a Professere goufen dee Moie forméiert.
    Vum EHTK waren derbäi: Artur Kohlrausch, Laurent Schengen, Isabelle Gross, Lori Laux, Séréna Boukelmoun, Yulang Lepcha, Myriam Gessner a JL Gindt, deen déi ganz Formatioune geleet huet.
    Kuckt de Video vun 101Studios
  • RestartaHeart_20161018 20161018_LRC-restart-a-heart_sm
  • 16. Oktober 2016 – Porte ouverte @ Hoffmann’s zu Alzeng
    Hoffmann2_okt_16 Eng Zesummenaarbecht mat de Jugendpompjeeë vum CI Hesper. Den EHTK ass mat sengem MiniAnne-Stand vertrueden a weist de Leit d’Gester vun der Reanimatioun an den Ëmgang mat engem Defibrillator.
    Mat derbäi waren: Séréna Boukelmoun, Yulang Lepcha, Laurent Schengen, Artur Kohlrausch, Patrick Tavernier a Myriam Gessner.
  • 29. September 2016
    Journée mondiale du cœur à l’Hôpital Robert Schuman Kirchberg – Affiche de la journée
    EHTK représenté par Thomas Gleitz, Artur Kohlrausch, Antoine Meyer et JL Gindt
EHTK_2016_September

D’Team am September 2016

  • Rentrée 2016/2017
    HeelkraiderteiDen EHTK huet den Ëmgang mat Medikamenter iwwerduecht an zesumme mat der Médecine Scolaire an der Direktioun zwou Fiches confidentielles ausgeschafft.
    Vun dësem Schouljoer un, bidde mer an der grousser Paus an an der Mëttesstonn och Téie mat Heelkräider un:

 

 

 

IMG_2223

D’Team op der Chrëschtfeier 2015

 

Eis Aktivitéiten 2015-2016

 

 

 

 

 

  • 11. Juli
    8:00 – 10:00 Particiaptioun un enger Studie iwwer Reanimatioun en vue vum ERC-Kogress zu Reykjavik
    12:00 EHTK-Ausfluch mat gemeinsamen Iessen um Schoulfest a Lasergame

  • 1. Juli – 16:00
    Assemblée Générale vum EHTK
    Den neie Comité:
    Binninger Lucille, Carier Max, Hadji-Minaglou Jonathan, Kent Jorden, Kohlrausch Artur, Kreins Pierre, Schengen Laurent, Gessner Myriam a Gindt Jean-Louis
    Élèves méritants vum EHTK: Schwarz Frédéric – Kreins Pierre – Linden Sam – Binninger Lucille – Hadji-Minaglou Jonathan – Kent Jorden – Isabelle Gross – Artur Kohlrausch
    Am Laf vum Schouljoer huet de Pierre Kreins den Intranet vum EHTK optiméiert. Weider Detailer iwwer d’AG hei am Artikel.
  • 24. Juni - 10. Gebuertsdag vum HELP-Team aus dem LTMA Péiteng
    Den EHTK felicitéiert de Kollegen aus dem HELP-Team an ass bei hire Feierlechkeeten duerch eng Delegatioun vertrueden.
  • 19. a 26. Juni
    Reanimatiounscoursen mat Oxygénothérapie vum JL Gindt an Dr Philippe Welter an der base nautique zu Lëlz am Kader vun enger FLASSA-Formatioun fir Daucher, Niveau P3 . Liest den Artikel op flassa.lu
  • 18. Juni
    Korogocho_Run5 First Responder suergen um Korogocho Run zu Bouneweg fir d’Sécherheet vun de Leefer: Nandi, Yulang, Lena, Liz a Julie. Eng 2. flott Zesummenaarbecht tëschent dem EHTK an dem LGL.
    Vun engem vun den Haaptorganisateuren, dem Andrea Bernasconi kruten mer dëse Feedback:
    “I would like to thank you again for the great help that you and your team gave us.
    The first aid team was very helpful in several respects:
    – coverage of the track (they were strategically positioned to be able to intervene at 1-5-7-9-11-12 km);
    reagis- help giving direction, since they were placed at crossroads;
    – potentially able to help people who got hurt, given their training (luckily we did not need that!);
    – they were all volunteers, which is always appreciable and in the spirit of our association.
    I think the bonus was the fact that they came by bicycle, so that they could move rapidly, we could deploy them with short notice and they were totally autonomous.”
    Méi op hirem Facebook
  • 28. Mee
    Den EHTK mécht beim ING-Night-Marathon mat am Kader vum réagis!-Programm “First Responder”. Op deene 16 Ravien laanscht Stréck sinn 12 Secouriste vum EHTK positionéiert fir net nëmmen am Fall vun engem Häerzstëllstand ganz séier agräifen ze kënnen. Si gi vun 3 Jonker aus dem LGL ënnerstëtzt.

    • Déi 15 jonk Reagis First Responder vum EHTK an LGL haten um Marathon 17 Asätz. Dovu waren si 10 mol déi éischt op der Plaz, virun de Professionellen. Just 5 FR hate keen Asaz. E grousse Merci un d’Services de Secours, fir hiert Vertrauen an déi Jonk an déi exzellent Zesummenaarbecht. Esou konnten eis jonk Secouristen éischt Erfahrunge baussent der Schoul sammelen.
      Méi Fotoen an eisem Facebook-Album.
    • Fir den EHTK waren dat: Binninger Lucille, Burr Fabienne, Furlani Nandi, Hadji-Minaglou Jonathan, Kent Jorden, Kimari Sunarak, Kreins Pierre, Lemmer Julie, Lepcha Yulang, Martin Elisabeth, Moreira Machado Anne Isabelle a Sommen Lena. Fir den “LGL en gage” waren dat: Breyer Lena, Hellers Liz a Pepe Julie. Betreit goufen si vum Carlo Clarens (LRC/Reagis), dem Myriam Gessner (EHTK) a Jean-Louis Gindt (EHTK).
    • Eng flott a wäertvoll Erfahrung war déi onkomplizéiert a konstruktiv Zesummenaarbecht vum EHTK mam Grupp “LGL en gage“. Dës Zesummenaarbecht soll iwwer de Marathon eraus weider goen.
  • 12. Mee
    Visite vum Minister Claude Meisch am Kolléisch a Begéinung mam EHTK. Och de Minister trainéiert zesumme mat der Direktioun d’Gester vun der Reanimatioun. Méi och op eisem FB

    Visite_Meisch-PierreWeber-8-005 Visite_Meisch-PierreWeber-8-006 Meisch_MiniAnne_20160512
  • EHTK_flyer_20167. Mee 9:30 an 10. Mee 18:30
    Virstellung vum EHTK bei der Porte Ouverte am Kolléisch mat aktualiséiertem EHTK-Flyer
  • 4. Mee
    MiniAnne-Formatioun fir de personnel non-enseignant vum Kolléisch an zwee Coursen, een op Lëtzebuergesch an een op Franséisch. 33 Leit hunn un dëser Formatioun deelgeholl.
  • 23. Abrëll
    Porte ouverte @ Hoffmanns zu Alzeng – eng Zesummenaarbecht mat de Jugendpompjeeë vum CI Hesper.
    GEDC0358Den EHTK ass fir d’zweet an dësem Schouljoer mat sengem MiniAnne-Stand vertrueden a weist de Leit d’Gester vun der Reanimatioun an den Ëmgang mat engem Defibrillator. Mat derbäi waren d’Lucille, d’Isabelle, d’Yulang, d’Elisabeth, d’Kim, den Artur, den Antoine, de Laurent an de JL Gindt. Eng besonnesch Freed war et eisem Professeur honoraire Marc Bernard dës liewenswichteg Gester bäizebréngen.
  • 18. Mäerz – Permanence beim Charity Run am Kolléisch
  • 27. Februar
    Virstellung vum EHTK duerch d’Jorden Kent an den Antoine Meyer bei der Porte Ouverte vun de classes internationales IB
  • 20. 22. 23. 24. Februar – Permanence beim Kolléisch in Concert
    Preview-EHTK
    • Pénktlech fir de KIC sinn och eis nei T-shirten ukomm :)
    • Der Elterevereenegung e grousse Merci fir hir frëndlech a finanziell Ënnerstëtzung.
    1 2
  • 15. Februar
    MiniAnne-Formatioun am Sportlycée fir hir Klasse vu 6e/8e, 4e an 2e am Kader vun hirer “journée prévention”.

    DSCN0031 (2) DSCN0040 DSCN0052 DSCN0044 (2)

    140 Schülerinnen a Schüler hunn a 3 Duebelstonnen déi praktesch Gester vun der Reanimatioun (Thoraxkompressiounen, Asaz vum Defibrillator a Beootmung) mam Jean-Louis Gindt an Jorden Kent vum EHTK geléiert. Uschléissend huet de Carlo Clarens an d’Monique Majerus vun der LRC theoretesch Hannergrondwëssen iwwer den Häerzstëllstand am allgemengen an am Sport vermëttelt a sinn op d’Noutwennegkeet vun enger séierer, direkter a richteger Hëllef den alleréischte Minutten agaangen.

  • 4. Februar 8:00 – 11:00
    MiniAnne-Formatioun fir d’Klasse vun 2e an der Sportshal, an Zesummenaarbecht mat de Sportsprofesseren.

    20160224_2es-a 20160224_2es-b 20160224_2es-c 20160204_d
  • 20. Januar
    09:00 Visite vun der Dr Yolande Wagener, médecin-chef de division de la médecine scolaire
    Changement am Comité:
    D’Emmanuelle Guay huet als Sekretärin demissionéiert an de Sam Linden iwwerhëlt dës Charge. Dem Emmy e grousse Merci fir säin Engagement.
    16:00
    Diplomiwwereechung un 52 Schülerinnen a Schüler, déi mat Succès den Éischt Hëllef Cours gepackt hunn an offiziell Opnam vu 14 Stagiairen zu neie Membere vum Team.
    Mat hinne gehéieren dëst Schouljoer 37 Schüler zu den aktive Membere vum EHTK.

  • 14. Januar 13:00 – 16:00 Internen Test fir eis nei Stagiairen
  • 6. Januar 2016
    LTL_20160106Ënnerstëtzung vum “Projet Éischt Hëllef” vun enger 13e aus dem Lycée technique vu Lalleng, déi mat 3 Klasse vu 7e en Éischt Hëllef Dag organiséieren. Den EHTK huet mat hinnen eng MiniAnne Formatioun gemaach, un där 65 Schüler a Schülerinnen deelgeholl hunn. Méi Fotoen op eisem FB.
  • 16. Dezember 2015 DSCN4928
    Éischt Hëllef Gester übe mam 4. Schouljoer an der Klass vum Carole Hienckes um Houwald. Mat derbäi waren d’Serena, d’Kim, d’Isabelle, de Jonathan an de Patrick. Déi 15 Schüler aus dem Cycle 3.2 hu geléiert, wéi een eng verletzte Persoun uschwätzt, d’Ootmung kontrolléiert, den 112 urifft a wat een da seet. Duerno hunn si bei engem Bewosstlosen, deen normal otemt, d’stabil Säitelag trainéiert. Am Fall wou keng Otmung do ass, hunn si voller Begeeschterung mam MiniAnne d’Gester vun der Häerzmassage geübt an den Ëmgang mam Defibrillator geléiert.
  • 14. Dezember 10:00 – 12:35 (salle Folmer)
    Formatioun Réagis! fir all Memberen vum EHTK an Zesummenaarbecht mat der LRC (Carlo Clarens) an DeWidong (Marc Frieden) iwwer déi nei Guidelines vun der Reanimatioun a praktesch Virbereedung op eis MiniAnne-Formatiounen, déi am Januar, Februar 2016 op de 6es, 4es an 2es ustinn. Un dëser Formatioun huet och e Grupp vum HELP-Team aus dem LTMA vu Péiteng mat gemaach.

    cpr_2015b DSCN4886 cpr_2015a
  • 12. Dezember Exame vun den Éischt Hëllef Coursen
  • 11. Dezember
    16:00 Grouss Botz vun der Infirmerie
    18:30 EHTK-Chrëschtfeier an der Mezzanine
ehtk_201509

D’Team am September 2015.
Leider feele vill Memberen op der Foto.

  • 19. November – 19:00 Maison du Savoir
    Présentation Guidlines ERC 2015 le 19 novembre à Esch Belval. Conférence par le Professeur Tino GREIF organisée par LRC et DeWidong.
  • 18. November – 19:00 CHL
    Den EHTK stellt sech a seng Aarbecht vir bei der Formatioun “Autour de la Réanimation Pédiatrique”, organiséiert vum der Société Luxembourgeoise de Pédiatrie. Eis Presentatioun am pdf.
  • 11. November 2015 – 14. Januar 2016
    Intern Formatioune fir eis nei Stagiairen an zukënfteg Team-Memberen.
  • 17. – 18. Oktober 2015
    Porte ouverte @ Hoffmanns zu Alzeng – eng Zesummenaarbecht mat de Jugendpompjeeë vum CI Hesper.Ehtk_Hoffmanns_201510 Den EHTK ass mat sengem MiniAnne-Stand vertrueden a weist de Leit d’Gester vun der Reanimatioun an den Ëmgang mat engem Defibrillator.
  • Semaine mondiale du coeur 2015 – voir LRC
    • 30. September – 9.00 – 16:00 JOURNEE DE SENSIBILISATION PUBLIQUE – CHL Ateliers pédagogiques et stands d’informations
    • 29. September – 19:30 Conférence publique: Comment sauver une vie – ein Leben Retten – Restart a Heart « Campagnes publicitaires pour combattre l’arrêt cardiaque en Europe : l’exemple allemand » Professeur Bernd W. Böttiger, Président du German Resuscitation Council Amphithéâtre du Centre Hospitalier Luxembourg
    • RTL-Videoreportage vum 9. September 2015, an deem Archivbiller vum EHTK genotzt goufen.
  • DSCN4764Enn September bis Ufank Dezember 2015
    Éischt Hëllef Coursen ënner der Leedung vum Sandra Poos (Cours op lëtzebuergesch) a Marc Portzen (Cours op englesch), Instruktere bei der Croix-Rouge. 56 Schüler hu sech an déi Coursen ageschriwwen.
  • 26. September
    Sécherheetsdag an der Ettelbrécker Foussgängerzon organiséiert vum CISETT
    Den EHTK war mat sengem MiniAnne-Stand present an huet ganz ville Passanten, esouwuel Kanner wéi Erwuessener, d’Gester vun der Reanimatioun bäibruecht, den Ëmgang mam Defibrillator erkläert a mat de Leit d’stabil Säitelag trainéiert. Kuckt Fotoen op eiser FB-Säit

 

ehtk_201409

D’Team am September 2014.

 

Eis Aktivitéiten 2014-2015

 

 

 

 

 

 

 

  • IMG_1709b10. Juli:
    MiniAnne-Formatioun am Cycle 4.2 vun der Grondschoul zu Fréiseng.
  • 3. Juli:
    * EHTK-Ausfluch an d’Phantasialand Brühl mat Visite vu hirem Sécherheetsdéngscht. Weider Informatiounen…
    * Permanence um Triathlon-Kolléisch vun deene Secouristen, déi net mat op den Ausfluch fueren.
  • don_ALAEC_2015061010. Juni: 12:50 – 13:50
    Formatioun mat der Dr Kerstin Wagner-Seifert iwwer Häerzkrankheete bei Kanner a jonke Leit. Hei hir Presentation. Bei där Geleeënheet iwwerreecht d’ALAEC dem EHTK 4 Kite MiniAnne Plus mat jee 10 Mannequinen. E ganz grousse Merci!
  • 30. Mee:
    Participatioun um ING Night Marathon als Team Run: Leefer 1 = 8,8 km Philippe Das Neves Maia vum Help Pétange Leefer 2 = 11,1 km Jill Van Rijswijck, fréier KolléischsschülerinING_2015 Leefer 3 = 13,4 km Frédéric Schwarz, EHTK Leefer 4 = 8,9 km Dick Mousel, EHTK Vun 800 Teams ass den EHTK op déi 231. Plaz komm an enger genialer Zäit vun 3:56:39. BRAVO!
  • 9. an 12. Mee:
    Bei de Journées Portes Ouvertes stelle Secouristen den Elteren an de potentielle Kolléischsschüler den EHTK an 2 Ateliere vir. Fir déi Geleeënheet gouf och en neien EHTK-Flyer ausgeschafft.
  • 30. Abrëll:EHTK_flyer
    Den EHTK mam Henri Mousel, chef de groupe honoraire, hält eng MiniAnne-Formatioun am Kader vum Alternative Schouldag am NOSL.
  • 30. Mäerz:AG Pompjeeën Gemeng Hesper ASBL
    D’Pompjeeën aus der Gemeng Hesper (CI Hesper) sponsoren dem EHTK ee Kit MiniAnne Plus. D’Scheckiwwerreechung war am Kader vun hirer Assemblée Générale, den 30. Mäerz. En décke Merci!
  • 27. Mäerz: Permanence beim “Charity Run” am Kolléisch
  • 18. Mäerz:
    Den EHTK huet sech ënner den 3 Finaliste vum Mérite Jeunesse klasséiert :) , gouf awer net als Laureat zeréckbehalen :(
  • Diplom_201511. Mäerz:
    Diplomiwwerreechung 54 Schülerinnen a Schüler aus dem Kolléisch den Test vum Éischt Hëllef Cours bestan a kréien hiren Diplom. Su hu während 7 Samschdeger à 4 Stonnen vun Enn Februar 2014 bis Ufanks Januar 2015 um éischt Hëllef Cours deelgeholl. Den EHTK iwwerreecht dem Henri Mousel, chef de groupe honoraire vum EHTK fir seng Pensioun personaliséiert Lafschlappen als Cadeau vum EHTK.
  • 26. Februar:
    MiniAnne-Formatioun vun allen Schüler vun 2e an Zesummenaarbecht mat de Sportsprofesseren a Réagis! Déi 1. Schoulstonn ware 45 Schüler do, déi 2. Stonn 70 Schüler an déi 3. Stonn souguer 93 Schüler, déi all zesummen an disziplinéiert an der Sportshal d’Gester vun der Reanimatioun trainéiert hunn. – Video an op Facebook
  • 9. – 12. Februar:
    Permanence beim KIC “Kolléisch in Concert”
  • 22. Januar:
    Test fir eis nei Memberen: 11 Schülerinnen a Schüler aus den Éischt-Hëllef Coursen hunn eng zousätzlech intern EHTK-Formatioun bestan a ginn als aktive Memberen vum Éischt Hëllef Team Kolléisch opgeholl.
  • Januar/Februar: MiniAnne-Formatioun vun allen Schüler vu 4e a 6s an Zesummenaarbecht mat de Biologiesprofesseren.
  • 19. Dezember: EHTK-Chrëschtfeier an der Mezzanine vun der Sportshal
  • 27. September: Participatioun vum EHTK um World Heart Day an der Abbaye de Neumünster
  • 19. September 2014: Den EHTK ass mat enger Delegatioun op der 9. Reanimatie-Estafette zu Venlo (Nidderlanden) vertrueden, dorënner den Henri Mousel, Theo Wooning an de Jean-Louis Gindt. Ënner 2500 Participanten hunn de Sunny Kimari an d’Caroline Ries déi 1. an 2. Plaz am korrekte Reaniméiere gewonnen! Liest de ganzen Artikel

 

Comments are closed.