Videoen

Joresréckbléck 2015


RTL Top Thema Magazin – Och Jonker kënne vun Häerzinfarkter betraff sinn

E Videoreportage vum 9. September 2015, an deem Archivbiller vum EHTK genotzt goufen.


De Video ass leider net méi op rtl.lu online.


E 7-järegt Meedchen beherrscht d’Stabil Säitelag.

Am Kader vum Télévie 2015 zu Hesper huet dëst Meedche mam EHTK d’Stabil Säitelag geléiert.


De Max Delvaux seet dem EHTK Merci

De Max Delvaux huet déi lescht 4 Joer den EHTK als Schüler an engagéierte Secourist an Ambulancier matgeprägt. Hie war chef adjoint bis Februar 2015. Op seng Art a Weis seet hien dem EHTK Merci a mir soen heimat dem Max och a ganz grousse Merci a wënschen him iwwer d’Première eraus vill Erfolleg a weiderhin e groussen Asaz am Déngscht vu senge Matbierger.


MiniAnne-Formatioun 2015

D’Gester vun der Reanimatioun (Thoraxkompressiounen, Beootmung an den Ëmgang mam Defibrillator) léieren all eis Schüler zënter 2009. An der Sportshal vum Kolléisch hunn de 26. Februar 2015 d’Schüler vun 2e, an dräi Gruppe vu 45, 70 an 93 Jonker, dës Gester trainéiert an och nach d’stabil Säitelag widderholl.


RTL Top Thema Magazin – Häerzstëllstand

E Videoreportage vum 10. November 2014, un deem den EHTK matgewierkt huet.

De Video ass leider net méi op rtl.lu online.


15 Joer Éischt Hëllef Team Kolléisch

(Éischt Hëllef Dag a Séance Académique)


EHTK goes City Concorde – 1.2.2014


Hëllef och DU mat – Kuck net einfach no!


 

Trailer fir den ING vum EHTK


10 Joer EHTK – E Video iwwert d’Team


 

MiniAnne – Den Ufank vun engem laange Projet

Comments are closed.