D'Infirmerie am Stater Kolléisch

Hei fannt dir Fotoe mat enger Beschreiwung iwwer d'Infirmerie am Athénée, déi d' Éischt Hëllef Team Kolléisch sech opgebaut huet a selwer verwalt.
D'Infirmerie ass net nëmme mat puer Verbänn a Plooschteren ausgestatt, mä vill Material wat an enger Ambulanz ze fannen ass, gëtt et och an eiser Infirmerie.

Wou ass d'Infirmerie?

Fotoen

Gesamtiwwerbléck

Wann een an d'Infirmerie era geet

Fir de Patienten e beschtméigleche Confort ze erméiglechen ass eis Infirmerie mat engem Brancard equipéiert.

Dëse gëtt virun allem fir Patiente benotzt, déi net méi kënne goen (no enger Verletzung beispillsweis) a fir de Patient sou bis an d’Infirmerie ze beförderen.

Um Büro befënnt sech ënner anerem de Computer, den erméiglecht, d’Asatzberichter ze schreiwen.

An dësem Schaf befënnt sech alles, wat e brauche kéint, fir Plooschteren unzeleën a Verbänn ze maachen.

An dësem Schaf befënnt sech alles, wat e brauche kéint, fir eng komplett Diagnostik ze erméiglechen.

An dësen Tiräng kënne Schüler hir perséinlech Noutfallmedikamenter deposéieren, déi se am Noutfall kënnen accesséieren. Déi Medikamenter si schülerspezifesch, wat heescht, dass keen anere Schüler déi Medikamenter zur Verfügung gestallt kritt.

Op dëse Plakater stinn déi wichtegst Schemata, déi een an engem Noutfall kéint gebrauchen.

De SamuAL, d’Teammaskottchen, huet an der Infirmerie seng ganz bestëmmte Plaatz.

Lavabo

Gëtt fir d’Desinfektioun vum Brancard benotzt.

D’Hänn wäschen ass elementar fir d’Hygiene.

Hei hänkt de Seefespender an d’Desinfektionsmëttel fir d’Hänn.

Fir den Téi fir d’Patienten ze preparéieren.

Fir Asatzmaterial ze entsuergen.

Den EHTK huet en Noutfallrucksak deen e fir mobil Asätz ka benotzen.

Weist vu baussen, ob aktuell e Patient an der Infirmerie ass.

An dësem Schaf befannen sech all d’Téien déi d’EHTK dem Patient kann ofréieren an och d’Tasen an d’Becheren.

Treffpunkt

Fir réckeschounenden Transport a Rettung a fir beim Goen ze Hëllefen.

Hei befënnt sech en Deel vum Reservematerial vum EHTK.

Hei befënnt sech d’Übungsmaterial vum EHTK an Noutfallrucksäk, déi d’EHTK bei Schoulausflich ka verléinen.

Um Whiteboard stinn déi wichtegst Informatiounen.

Am Detail

De Büro

De Printer ass zoustänneg, d’Excuse vun de Patienten auszedrécken.

De PC erméiglecht e permanenten Accès op den Intranet, fir Asatzberichter ze schreiwen.

Den Telefon gëtt benotzt, fir am Noutfall schnellstméiglech kënnen den 112 ze ruffen oder d’Eltere vun dem jeweilege Patient.

D’ EHTK ass mat Funken equipéiert, déi all Moment asazbereet sinn, souwuel fir gréisser Asätz wéi och bei Manifestatiounen. Just derniewend befënnt sech d’Opluedstation fir d’Pagere vum EHTK opzelueden.

Den LSU gëtt benotzt, fir eventuell Kierperflëssegkeeten an engem mobilen Asatz ofzesaugen. Mam LSU kann och d’Loft aus der Vakuumsmatratz  gezu ginn.

Hei ginn d’Coldpacks an Noutfallmedikamenter vu Schüler, déi musse kal gelagert ginn, opbewart.

D’Rettungsweste stinn dem EHTK dauerhaft zur Verfügung, fir a mobilen Asätz erkannt ze ginn.

De Verbandsschaf

Gëtt benotzt fir Fangerstëtzverbänn ze maachen an Nuesbludden ze behandelen.

Gëtt benotzt fir Kompressiounsverbänn unzeleën, Wonnen ze behandelen a Verbänn zesummenzepäschen.

D’Verbänn sinn der gréisst no zochtéiert.

Gëtt ënner anerem fir Wonnen, Fangerverbänn, Replantatnoutfälkl an de  Wärmeerhalt benotzt.

Gëtt benotzt fir d’Stabilisatioun a Wonnen.

Den Diagnostikschaf

Gëtt a Fäll vun Hyperventilatioun benotzt.

Si fir Asätz mat Kierperflëssegkeeten elementar.

Gëtt fir Alkohol- a Bluttzockermoossunge benotzt.

Mësst d’Sauerstoffsättegung a Bols vum Patient.

Gëtt benotz, fir de Bluttdrock vum Patient ze moosssen.

Gi benotzt fir normal Saachen oder awer och Kleeder/Stoff ze schneiden a fir Asätz, wou eng gewësse Prezisioun verlangt gëtt.

En Infraroutthermometer den d’Moossung vun der Kierperthemperatur vum Patient erméiglecht.

Gëtt benotzt fir d’Pupillereaktioun vum Patient ze testen a fir Zecken ze fortzehuelen.

De Medikamenteschaf

Gëtt a Fäll vun déiwem Bluttzocker benotzt.

Gi fir d’Desinfektioun benotzt.

Bewierkt a Fäll vu Reeegelbauchwéi vill Wonner a verhënnert en onnéidege Medikamentekonsum.

Verschidde Crèmen a Sprayen, déi a verschidden Szenarie kënne benotzt ginn.

Medikamenter, déi mat enger bestëmmtener Erlabnis vun den Eltere a spezielle Fäll kënne verofreecht ginn.

Fir a Fäll vu Reegelbluddungen déi néideg Hëllef proposéieren ze kënnen.

Den Asatzrucksak (Auszuch)

Gëtt benotzt fir Flëssegkeeten ofsaugen ze kënnen.

Masken déi bei enger noutwänneger externer Beootmung kënne benotzt ginn.

Masken déi bei enger Sauerstoffzufuhr benotzt ginn.

Ginn am Fall vun enger Hyperventilatioun benotzt.

Fir a Fäll vun enger néideger Sauerstoffzufuhr.

Ginn an all Fall benotzt wou een eppes schneide mmuss an amm Fall wou Kierperbehaarung misst entfernt ginn.

Ersetzt déi automatesch Ofsaugeenheet am Fall vun enger Onverfügbarkeet.

E Verbandsset.

Ginn am Fall vun enger Stabilisatioun benotzt.

Gëtt beim Uleeë vun engem Aarmverban benotzt.

Gi fir Killungen, Kompressiounsverbänn a fir Aanspullungen bei chemësche Verätzunge benotzt.