D’Infirmerie am Stater Kolléisch

Hei fannt dir Fotoe mat enger Beschreiwung iwwer d’Infirmerie am Athénée, déi d’ Éischt Hëllef Team Kolléisch sech opgebaut huet a selwer verwalt.

D’Infirmerie ass net nëmme mat puer Verbänn a Plooschteren ausgestatt, mä vill Material wat an enger Ambulanz ze fannen ass, gëtt et och an eiser Infirmerie.

Infirmerie

Am rénovéierte Gebai befënnt sech d’Infirmerie quasi vis-à-vis vun der Loge. Se ass also esou zentral geleen, vir all wichteg Punkten am Gebai schnell ze erreechen. No bei der Infirmerie ass och e Lift an deen e Brancard erapasst.

Einfach ze fannen ass d’Infirmerie, einfach um Rez-de-Chaussle, net wäit vun der Loge. Sou ass d’Infirmerie och praktesch geluecht, fir d’Ambulanz. D’Ambulancieren mussen am Normalfall also mol net de Lift benotze fir bis bei e Patient ze kommen.

 

 

 

Brancard a Funken

Fir de Patienten e beschtméigleche Confort ze erméiglechen ass eis Infirmerie mat engem Brancard equipéiert.

D’ EHTK ass ausserdeem mat Funken equipéiert, déi all Moment asazbereet sinn, souwuel fir gréisser Asätz wéi och bei Manifestatiounen.

 

 

 

 

Éischt Hëllef Schief a Schaufeltrage

D’ Éischt Hëllef Team huet 2 grouss Éischt Hëllef Schief. An deem engem ass Verbandsmaterial, vu Plooschteren iwwer Verbänn a Crèmen. Den anere Schaaf ass fir Diagnostik, Bluttdrock, Temperatur, Bols.

Nieft dem regulären Éischt Hëllef Material, ass d’Team och mat enger sougenannter Schaufeltrage a Vakuummatratz equipéiert. Fir réckeschounenden Transport a Rettung.

Stillchen

Nieft der Schaufeltrage an der Vakuummatratz (Ambulanzmaterial), ass d’EHTK och mat engem Stillchen equipéiert. Dëse gëtt virun allem fir Patienten benotzt, déi net méi kënne goen (no enger Verletzung beispillsweis) a fir de Patient sou bis an d’Infirmerie ze beförderen.

An der Infirmerie befënnt sech och en Dësch, de fir en Austausch tëschend de Sekuristen aus dem EHTK benotzt ka ginn. Just donieft hänkt eng Tafel, op där stets déi wichtegst Informatiounen notéiert sinn.